Fräie Mikro: Den Internationale Fraendag ofschafen

D’Simone Beck mécht sech e puer Iwwerleeung zur Berechtegung vun engem Internationalen Dag fir d’Fraen:

Virgëschter war Internationale Fraendag. Mir kruten déi üblech Statistiken zerwéiert: Gewalt an der Famill, wéi vill Fraen (oder net) an de Verwaltungsréit vun op der Bourse kotéierte Firmae gehéieren. Dass elo d’Fraequote an Däitschland an deene Conseilen als grouss Victoire gefeiert gëtt, ass e Witz. Si betrëfft ëm di 100 Fraen. Also wierklech... Mir kréien ausgerechent, wéi vill Prozent vun den Deputéierten, Ministeren, Membere vum Staatsrot Frae sinn... An nach an nach. Leider kann een net auswanderen, well deen onnéidegen a vrun allem ongerechtfäerdegten Dag gëtt et iwwerall.

Mir maachen ons staark fir Gläichberechtegung, a wann dann e grénge Minister eng Fra als Generalstaatsanwalt virstellt, kënnt direkt d’Fro, ob déi Tatsaach, dass si eng Fra ass, bei hirer Nominatioun eng Roll gespillt hätt. Ech hu geduecht, ech géif net richteg héieren. Gott sei Dank huet d’Madame Solovieff kloer an däitlech geäntwert – an ech felicitéieren si fir déi am Moment wierklech net politically very correct Ausso – : Fraequoten sinn diskriminéierend.

Wa mer ons – ech ginn et zou – deen total illusoreschen, utopeschen an irrealistesche Fall géife virstellen, et kéim eng Kéier dozou, dass eng Fra Premierminister zu Lëtzebuerg géif ginn. Si stellt hier Equipe fir an déi éischt Fro déi kënnt: Hutt Dir den Här X zum Finanzminister gemaach, well et e Mann ass? Deen aneren Dag stéing dann an der Zeitung, dass den Här X eng Cravate vun der Maison A an e ganz originellen a gewotene Costume vum Couturier B gedroen huet.

Ech weess och, dass mir hei an dësem séchere Land kee Recht hunn, op iergendeng Barrikad ze klammen, wa mer d’Situatioun vun de Fraen an deene Länner vergläichen, wou eng Fra hire Viol provozéiert, wann se owes no 9 Auer e Bus hëlt, wann se nach géif liewen, wann se einfach stall gehalen hätt, wa sechs Männer se violéieren. „Mir hätten se dann op d’Strooss gehäit, wa mer mat er fäerdeg waren“. Esou sot ee vun de Vergewalteger vun där jonker indescher Medezinsstudentin, am spéide Mëtteg mat engem Frënd an Kino goung, ier se sollt hire Stage an enger Klinik ufänken, an déi dunn d’Ongléck hat an e Bus ze klammen an sech ze wieren.

Mir sollten och un déi Honnerte Fraen a Meedercher denken, déi an de Gebitter, déi IS-Mäerderen besat hunn, verkaf, vergewaltegt, prostituéiert, verschenkt an doutgemaach ginn, déi an deene Länner, an déi mir an d’Vakanz fueren, mat Gilletten a Schierbelen sexuell mutiléiert ginn.

Tëschent der Tatsaach, dass mer zu Lëtzebuerg en Nominatioun musse rechtfertegen, well se un eng Fra goung, oder dass op der ganzer Welt – esou eng UNO-Statistik vun dësem Joer – all 3. Fra an hirem Liewen scho psychesch oder physesch Gewalt erlieft huet, leien natierlech Welten. An dach ass eppes Gemeinsames do: de Fraen hire Beruff, hir Kompetenzen, hiert Erscheinungsbild bis hin zu hirer Existenz gi jugéiert, an no ganz anere Critèren wéi déi, déi fir déi gëllen, di se jugéieren.

Esou laang et esou ass, wëll ech kee Fraendag feieren. A mir brauchen och keen. Déi Deeg – fir d’Ëmwelt, den 3. Alter, déi behënnert Matmënschen oder de blaugrüne Blattfrosch – si jo nuren do, déi bedreeten Espècen, deene se gewidmet sinn, Sand an d’An ze streeën a si ännere guer näischt.

Iwweregens ass haut, wenn Dir dës Chronik lauschtert Weltnierendag an muer internationalen Aktiounsdag géint Staudämm. Just fir ze soen....

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen