Fräie Mikro: de verstopptene Muechtkampf bei de Sozialisten
Am Zesummenhang mat dem interne Positiounspabeier vun der Fondation Robert Krieps iwwert „Kris an Opbroch“ an der LSAP freet de Jacques Drescher sech, ob et sech dobäi just em Etiketteschwindel handelt oder net éischter ëm e verstopptene Muechtkampf bei de Sozialisten.
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-12-18-KRO-Fräien-Mikro.mp3"][/audio]
Op hirer Summerakademie am Oktober kruten d’Sozialiste vun hirer Fondation Robert Krieps e Pabeier iwwert d’Kris an der Partei virgeluegt. Doranner gëtt eng zimlech schounungslos Analys gemaach. Et liest een do, d’Ministere géifen dacks esou eriwwer kommen, dass se just un hirer Fotell pechen. An d’Strukture vun der Partei wiere verkomm.
Et ginn eng Partie Ursaache fir déi Kris opgezielt, wéi soziologesch Verännerungen, d’Tatsaach, dass et an der Mëtt vum politesche Spektrum zimlech enk ass, an dann awer och: dass d’Sozialisten bei wichtege Sujeten, esouwuel am Sozialen, wéi an der Gesellschaftspolitik d’Nues net méi vir hunn. Virun allem mécht der LSAP d’Konkurrenz vun Déi Lénk ze schafen, an d’Tatsaach, dass se d’Vertraue vum OGB-L verluer hunn.
Bei den Europawahlen am Mee hat d’LSAP hiert schlechst Resultat zanter 1945, an och bei de Chamberswahlen war et ganz neeleg duergaang fir d’Dräierkoalition.
Dës Situatioun ass och d’Ursaach firwat d’Auteuren vum Positiounspabeier, dorënner de Ben Fayot a säi Fils, de Budgetsrapporteur Franz Fayot, hirer Partei an d’Gewësse rieden. Esou liest een dach tatsächlech do, d’Opkënnegung vun der Koalitioun mat der CSV wier just e Schachzuch gewiescht fir d’Miwwel ze retten, an et gëtt quasi ënnerstallt, dass d’LSAP sech vun hiren aktuelle Koalitiounspartner bei der Verdeelung vun de Ressorten hätt iwwert den Dësch zéie gelooss.
Natierlech gëtt et och eng Hellewull vu konkrete Propositiounen, wéi d’LSAP sech besser ka verkafen, an eng dervun ass, dass d’Parteileit no bausse méi di sozial Problemer sollen thematiséieren fir de Profil par rapport vun der Regierung ze schäerfen, an där d’Ministeren déi ondankbar Aufgab hunn, eng méi pragmatesch Politik ze maachen.
Dat kléngt natierlech net ganz originell, well et bedeit am Fong, dass d’Partei, déi jo awer an der Regierung ass, op zwou Hochzäiten danzt, an och e bëssen Oppositioun spillt fir d’Basis bei Laun ze halen. Woubäi ee soe muss, dass aner Parteien dat och maachen, zum Beispill di Gréng mat hire ville Communiquéen.
Am Positiounspabeier gëtt och nach behaapt, d’LSAP hätt op Ministère verzicht, wou ee konkret eppes bewege kann, an si hätt déi der DP an de Gréngen iwwerlooss. Viséiert sinn domat Ressorte wéi Finanzen, Familljen, Justiz, Educatioun a vrun allem Kultur, wou der Parteiféierung virgeworf gëtt, ze liichtfankeg op déi verzicht ze hunn. Nun ass dat alles net grad e Kompliment fir déi Ministeren, déi jo d’Wuert an de Koalitiounsverhandlungen gefouert hunn, an en Etienne Schneider, dee jo awer mat der Economie en zimlech wichtege Ministère huet, dierft dee Pabeier do bestëmmt net witzeg fannen. Vum Jean Asselborn, dee munnech Leit gäre lass wieren, net ze schwätzen. Mee deen ass ze populär, fir sech mat him unzeleeën.
Fir de Rescht maachen d’Ministeren oder d’Deputéierten awer souwisou dat wat am Pabeier propagéiert gëtt: E Nicolas Schmit oder en Dan Kersch, wa se iwwer Ressorten schwätzen, déi net hir sinn, wéi zum Beispill d’Steierpolitik. Oder de Budgetsrapporter selwer, deen a sengem Pabeier zwar vu „groussen Enttäuschungen“ par rapport zur Regierungspolitik schwätzt, an dann awer gläichzäiteg e Spuerbudget muss verteidegen.
Dee Spagat ass awer méi wéi just Etiketteschwindel. Et ass ganz einfach e Muechtkampf, dee sech Parteileit mat enger Partie Ministere liwweren, a wou et em d’Ausriichtung vun der Politik, awer och em zukënfteg Spëtzepositioune geet.