Inclusioun um Aarbechtsmaart Formatiounen, nei Atelieren an Hëllef fir Betriber
D’Inclusioun vu behënnerte Persounen um Aarbechtsmaart gëtt gesetzlech nei opgestallt. An Zukunft iwwerhëlt d’ADEM den Encadrement vun de Betraffenen an den Entreprisen, erkläert d’Ginette Jones vum Aarbechtsministère. Och d'"Ateliers protégés" ginn nei geregelt an ëmgenannt an "Ateliers d’inclusion professionelle". D’Direktesch vun der Associatioun ATP Sandrine Bem hofft, datt domat eng professionell Weiderbildung fir behënnert Leit méiglech gëtt - aktuell wier dat net de Fall.
D’ADEM offréiert schonn elo eng Rei Mesurë fir behënnert Salariéen an den Entreprisen z'ënnerstëtzen, seet d’Ginette Jones. Si ass beim Aarbechtsministère responsabel fir d'Salariés handicapés. Wann d’Gesondheet vun enger Persoun en Accès op den éischten Aarbechtsmaart net géif zouloossen, da kéint si an en Atelier protégé orientéiert ginn. "Mir hu wëlles nach emol eng gutt Schëpp bäizeleeën, fir datt d’Iwwergäng tëscht den zwee Aarbechtsmäert besser ginn”, esou d’Ginette Jones – esouwuel qualitativ wéi finanziell.
Just e klengen Deel vun de Persoune géif op den éischten Aarbechtsmaart wiesselen. E Problem wier d’Formatioun, seet d’Sandrine Bem, Direktesch vun der Associatioun ATP (Association d'aide par le travail thérapeutique pour personnes psychotiques). Duerch hir Behënnerung hätten déi Concernéiert an hirer Jugend schoulesch Échecen erlieft. Dofir wier et wichteg, datt sinn sech weiderbilde kéinten.
Begleedung "sur mesure"
D’ADEM iwwerhëlt an Zukunft d’Begleedung vu behënnerte Leit an den Entreprisen. Et wäert am Aarbechtsrecht verankert ginn, datt déi Begleedung iwwert de "Fonds pour l’emploi" finanzéiert géif ginn, seet d’Ginette Jones vum Aarbechtsministère.
An Zukunft solle qualifizéiert "Asisstants à l’aide dans l’inclusion dans l’emploi" am Optrag vun der ADEM zesumme mam Employeur a mam Salarié handicapé eng Begleedung am Betrib "sur mesure" maachen. Domadder géifen d’Patronen entlaascht ginn, betount d’Ginette Jones. Grad d’Patrone vu klenge Betriber wieren wieren dacks interesséiert, fir Persoune mat enger Behënnerung anzestellen. Si hätten awer fir d'Begleedung net genuch Zäit.
Déi nei Assistente kënnen der Ginette Jones och am Betrib mat der Equipe eng Preparatiounsaarbecht maachen, fir datt de Behënnerte besser vu sengen neien Aarbechtskollege verstane gëtt.
Ateliers d'inclusion
An den therapeuteschen a protegéierten Ateliere vun der ATP schaffe Mënsche mat enger psychescher Behënnerung. En Ënnerscheed zum éischten Aarbechtsmaart géif d’Aarbechtszäite concernéieren, erkläert d’Direktesch Sandrine Bem. Déi wieren net esou laang. D'ATP begleet 250 Persounen a véier Atelieren. Éischt Zil wier et, datt et der Persoun duerch hir Aarbecht besser geet. Gläichzäiteg géif et e kommerzielle Volet ginn. D'ATP mëscht e Joresëmsaz vun enger Millioun Euro.
Fir Persounen, déi et net op den éischten Aarbechtsmaart packen, solle vum nächste Joer un nei Ateliers protégés geschaaft ginn. An dëse Strukturen, déi an Zukunft "Ateliers d’inclusion professionelle" heesche sollen, wäerte behënnert Persounen d’Méiglechkeet kréien eng Ausbildung nozehuelen.
D’ATP huet eng Waardelëscht vu 60 Persoune fir hir Atelier Protégés, esou d'Direktesch Sandrine Bem. Verschiddener géife schonn zanter dräi Joer waarden. D'ATP begréisst dofir, datt d’Offer elo soll ausgebaut ginn.