"Fondation Patrimoniale" op Äis
De Gesetzprojet iwwer déi sougenannt Fondation Patrimoniale, deen zënter dem 3. November prett ass fir am Chamberplenum gestëmmt ze ginn, gëtt bis op weideres op Äis geluecht. Dat well den Text wahrscheinlech schonn a kuerzer Zäit net méi konform ass zur geplangter neier Anti-Geldwäsch-Direktiv. D’EU wëll d’Informatiounen iwwert déi economesch Beneficiairë vu Sociétéiten, Fondatiounen an anere Strukture méi einfach accessibel maachen. Soubal déi nei europäesch Dispositioun decidéiert ass, gëtt de Projet fir d’Fondation Patrimoniale op deem Punkt amendéiert, sou d'Joëlle Elvinger am 100,7-Interview. Wéini dat amendéiert Gesetz ka gestëmmt ginn, konnt d’DP-Deputéiert a Rapportrice nach net aschätzen.
Mam internationalen Drock no de LuxLeaks-Revelatiounen hätt d’Decisioun, den Text fir den Ament net ze stëmmen, näischt ze dinn. D’Fondation Patrimoniale wier kee Vehikel fir Steieroptiméierung, betount d’Joëlle Elvinger. D’Fondation Patrimoniale ass als neit Instrument geduecht, fir op der Finanzplaz grouss Fortunen ze geréieren. De Gesetzprojet gouf den 22. Juli 2013 vum deemolege CSV-Finanzminister Luc Frieden deposéiert.
Den Interview vum Pia Oppel mat der Joëlle Elvinger: