Folmer a Kmiotek (déi Gréng): “Mir brauche politesch Bildung”

D’Françoise Folmer an de Christian Kmiotek, d'Parteipresidente vun déi Gréng, kritiséieren d’Strategie vun der Regierung. D’Campagne wär “am Sprint” gefouert ginn, wat zu emotionale Reaktioune bei de Wieler gefouert hätt.
Déi Gréng wäerte sech weider fir ee Wahlrecht fir alleguer d’Awunner vum Grand-Duché vu 16 Joer un asetzen, dat wär an der DNA vun der Partei verwiewt.
Als Konsequenz vum Resultat fuerderen de Christian Kmiotek politesch Bildung. Net just fir d’Jugend. Fir onofhängeg vun der Regierung a Persoune kënnen Debatte féieren.
Fir d'Françoise Folmer steet d’Zuklunft vun der Regierung net um Spill. D’Äntwerte vun de Wieler versteet si als Äntwerten op déi 3 Froen.
Lauschtert de ganzen Interview hei: