Flüchtlingswell am Nordirak

Déi lokal Autoritéiten an déi international Hëllefsorganisatiounen am Norde vum Irak stoussen un d’Limite vun hire Capacitéiten, seet d'Johanna Mitscherlich am 100,7 Interview. Fir d'Mataarbechterin vun der ONG CARE feelt et op der Platz virun allem u Liewensmëttel. D’Leit hu kee Ënnerdaach, a schlofen deels op de Stroossen. Dobäi kennt déi psychologesch Belaaschtung, well vill Flüchtlingen extrem grausam Szenen erlieft hunn.

Am Irak sinn aktuell geschaten 1,5 Millioune Mënschen op der Flucht; dovunner sinn 1 Millioun an de Kurdegebidder am Norden. Dobäi kommen am Nordirak 250 .000 Syrer déi an de läschten 2 Joer an d’Regioun geflücht sinn.

De Bäitrag vum Mick Entringer:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen