Flüchtlingspolitik: Quotesystem fir d'Gemengen?

Wann d’Gemengen net fräiwëlleg Flüchtlingen ophuelen, da muss rëm iwwert ee Quotesystem fir eng Flüchtlingsopdeelung nogeduecht ginn, esou de Marc Spautz. Dem CSV-Deputéierten no wier de Ministère am gaange fir Reclame bei de Gemengen ze maache fir d’Flüchtlingen ënner Daach ze kréien.

Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet haut mam Minister Jean Asselborn d’Situatioun vun de Flüchtlingen am Mëttelmier geschwat: dat op Demande vun Déi Lénk.

Wichteg wier dat Humanitärt, betount de Marc Spautz: néideg wier eng europawäit Léisung. Senger Meenung no wier et och wichteg un déi sougenannte Schlepperbanden ze kommen, déi déi geféierlech Bootsfahrten tëschent Afrika an Europa organiséieren.

Lëtzebuerg kéint während senger EU-Rootspresidence eng Initiativ huele fir de Flüchtlingen ze hëllefen, esou de Marc Spautz.

Den Interview vum Serge Kesseler mam CSV-Deputéierte Marc Spautz:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen