“Flüchtlingen integréieren, Bénévoler encadréieren”

D’ASTI-Presidentin Laura Zuccoli begréisst eng ganz Rei vun de Proposen déi den EU-Kommissiounspresident a Saache Flüchtlinge gemaach huet. Elo géif et awer op d’Ëmsetzung ukommen, an do wier nach vill ze dinn – och zu Lëtzebuerg.

Laura Zuccoli am 100,7-Studio

E méi direkten Accès vu Flüchtlingen op den Aarbechtsmaart an eng Revisioun vum Dublin-Accord – dat sinn Elementer aus der Ried zur Lag vun der Unioun, déi d’Laura Zuccoli ënnerstëtzt. D’ASTI, déi de Moment och d’Sekretariat vum Collectif des réfugiés assuréiert, setzt sech zum Beispill scho méi laang fir e Recht op Aarbecht an.

Fir de Moment ass d’Ausso vum Jean-Claude Juncker nëmmen eng Propose. D’Laura Zuccoli huet awer eng Rei Iddie wéi déi – och zu Lëtzebuerg an d’Realitéit kéint ëmgesat ginn. Folgendes wier dofir néideg:


  • Sproochecoursen

  • Unerkennung vun den Diplomer

  • Formatiounen

  • Volontéit vun den Entreprisen
“Wäit ënnert deem wat een an Däitschland kritt”

Wat eng eventuell Revisioun vum Dublin-Accord ugeet, hofft d’Laura Zuccoli, datt et effektiv dozou kënnt. Et wier wichteg, datt d’EU sech an där Hinsicht e gemeinsamen Nenner géif ginn. Dat géif zum Beispill och fir déi finanziell Ënnerstëtzung gëllen, op déi Flüchtlingen an den eenzelne Länner e Recht hunn: “D’Suen déi ee kritt sinn de Moment vu Land zu Land ënnerschiddlech. Déi 25 Euro [Allocatioun, nvdr], déi een zu Lëtzebuerg kritt, leie wäit ënnert deem wat een an Däitschland kritt. D'selwecht ass et mat der Aarbecht: a Schweden kann een direkt schaffe goen, a Frankräich réischt no engem Joer”, seet d’Laura Zuccoli.

Déi gesetzlech Lag wier awer net den Haaptgrond, firwat eng Majoritéit vun de Flüchtlingen an Däitschland a Schweden geet. Anescht wéi bei de Bewunner vun de Balkanlänner, vun deenen der an de 90er Joeren Dausenden opgeholl gi sinn, ass Lëtzebuerg zum Beispill bei Syrer vill manner bekannt. “Dat heescht awer net datt der manner kommen”, seet d’Laura Zuccoli dobäi.

D’Texter vum “Paquet asile” ginn adaptéiert

D’ASTI-Presidentin hofft trotzdem, datt sech um gesetzlechen Niveau eppes deet. D’Texter vum "Paquet asile", déi de Moment vun zwou Chamberkommissiounen traitéiert ginn, misst un déi aktuell Entwécklungen ugepasst ginn. Besonnesch wat den Accès op den Aarbechtsmaart ugeet, d’Dauer vun de Prozeduren an den Accueil. “Mir schwätzen net genuch driwwer wéi d’Flüchtlingen an d’Gesellschaft integréiert ginn: wat gëtt et vu Sproochecoursen, wat maachen d’Entreprisen, wat mécht d’Zivilgesellschaft”. De Marc Angel, President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun op Nofro hinn gesot, datt seng Kommissioun an och d’Familljekommissioun lo wäert genau préiwe wat e Méindeg um Conseil vun den Innen- a Justizministeren decidéiert gëtt.

Wat déi privat Flüchtlingshëllef ugeet, sou fuerdert d’Laura Zuccoli e besseren Encadrement fir déi Bénévole. “Leit, déi sech wëllen engagéieren, brauchen eng minimal Informatioun. Si mussen encadréiert ginn an d’Kommunikatioun mat den Autoritéite muss verbessert ginn”. D’ASTI huet an deem Beräich dem OLAI (Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration) eng Rei Proposen eraginn.

 

Audio:
nvité vum Dag, 10. September 2015, Christiane Kleer am Gespréich mam Laura Zuccoli

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen