Findel-Renovatioun Flich transferéieren ass "lescht Optioun"

Déi geplangte Renovéierungsaarbechten um Findel dauere méi laang wéi geduecht an dat huet e groussen Impakt op d’Cargolux. D’Nuets-Flich op aner Fluchhäfen transferéieren, "dat ass déi lescht Optioun", esou de Cargolux-CEO Richard Forson.

François Aulner / cwi

Cargolux
Foto: Cargolux / Van Biesen

Déi aktuell ronn 600 jäerlech Nuetsflich vu der Cargolux tëscht 11 Auer Owes a 6 Auer Mueres op aner Fluchhäfen transferéieren, "dat ass déi lescht Optioun a géif héchstens provisoresch gemaach ginn", betount de Cargolux-CEO am 100,7-Interview. "Mir kucke fir kënne weider de volle Programm vum Findel aus z'operéieren." De Richard Forson seet, am Moment géif "äifreg" un engem neie Planning geschafft ginn, fir den Impakt vun den Aarbechten um Findel esou kleng ze hale wéi méiglech.

Handlungsspillraum kréich d’Lëtzebuerger Cargogesellschaft doduerch, datt d'Aarbechten un der Piste Weekends solle gestoppt sinn. De Cargolux-CEO seet och, datt géif gekuckt ginn ob déi grouss 747 Boeingen op méi kuerz Distanz kéinten ophiewen, falls zum Beispill zäitweisu just un den Extremitéite vun der Landepist geschafft géif ginn. Wichteg wier et dem Richard Forson no och fir mam Handlings-Operateur Luxair Cargo ze kucken, wéi d’Op- an Ofluede vun der Fracht anescht kéint organiséiert ginn.

Et wier nach ze fréi fir ze soen, on d'Renovéierungs-Aarbechten um Findel e finanziellen Impakt op d'Cargolux hätten, mee: "Wa mir et packen alles ze minimiséieren, da kéint de finanziellen Impakt kleng sinn. Wa mir dat net packen, da kéinten et zousätzlech Käschte ginn, wa mer musse Flich provisoresch op aner Fluchhäfen transferéieren."

Méi deier fir Lux-Airport

Ma d'Renovéierungsaarbechte sollen net nëmme méi laang daueren, mee och mat geschaten 200 Milliounen Euro, Fënnef Mol méi deier gi wéi geplangt. Laut EU-Reegele kann de Staat just d’Hallschent vun dëse Käschten iwwerhuelen – fir de Rescht muss Lux-Airport opkommen. Vu Säite vum Bedreiwer vum Fluchhafen um Findel heescht et, et géif een nach déi genee finanziell Projektioune vu Ponts et Chaussées ofwaarden.

D’Direktioun vu Lux-Airport muss elo en neie Business-Plang presentéieren. Da muss de Verwaltungsrot decidéieren, wéi d'finanziell Moyenen opgedriwwe ginn. Méiglech sinn eng Hausse vun de Fluchhafen-Taxen, e Prêt oder eng Kombinatioun vun dëse Moyenen. Et géif een all theoretesch Optioune kucken, heescht et vum Verwaltungsrot. Och eng méiglech Kapital-Erhéijung géif gepréift ginn – ma hei sinn d'Chancë kleng, datt dëst mam EU-Recht kompatibel ass.

Interview mam Richard Forson

Méi zum Thema

Fluchpist
Findel

D'Fluchpist um Findel soll sanéiert ginn. 2017 sollen d'Viraarbechte lass goen. Et gëtt mat engem groussen Impakt op de Fluchverkéier gerechent.

RER Aviation.JPG
Table Ronde Aviatioun

Ryanair, Aviapartner a Qatar Airways: Eng gutt Noriicht fir d'Aviatioun oder eng Gefor vu Sozialdumping? Den Adrien Ney, de François Bausch, de Johan Vanneste an den Hubert Hollerich si sech net eens.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen