Match Tierkei-Lëtzebuerg FLF wëll Plainte maachen a Schuedensersatz fuerderen

D'Lëtzebuerger Fussballfederatioun wäert ee Stadion-Verbuet géint déi Persoun spriechen, déi ee Samschdeg virum Enn vum Match tëscht der Tierkei a Lëtzebuerg, op de Fussballterrain gaangen ass. D'FLF wëllt och Plainte maachen a Schuedensersatz fuerderen.

Carole Schimmer / rb

Stade de Luxembourg
Foto: Ville de Luxembourg

Lauschteren


D'FLF ass strikt géint esou ee Verhalen, a wëllt juristesch virgoe géint esou Läit, betount de Jurist vun der FLF, de Marc Diederich:

"Als éischt kréien déi Leit een Hausverbuet - dat heescht eng interdiction de stade, déi dierfen net méi op den Terrain kommen. An zweetens hu mir bei der Police eng Plainte gemaach mat Constitution de partie civile. Do hu mir eis eng Dier opgelooss fir datt mir am Fall vun enger Strof vun der UEFA, déi un déi Persoun kënne weiderleeden an datt déi, fir dee Schued dee mir erlidden hunn, muss opkommen."

Net ausgeschloss ass och fir Schuedenersatz ze froen. Wéi koum d'FLF op d'Identitéit vun engem vun den Auteuren?

De Marc Diederich seet dozou: "Géint deen, wou mir elo eng Plainte gemaach hunn, do wësse mer wien et ass. Do zirkuléiert jo op de sozialen Netzwierker ee Video, wou déi betraffe Persoun selwer hire Numm drënner geschriwwen huet."

Esou Incidente kéint een ni ausschléissen

De Joël Wolff vun der FLF seet zu der Fro, ob een esou eng Situatioun net hätt kënne verhënneren:

"Wéi de Stadion elo konzipéiert ass, et muss ee wëssen datt keng Barrièren a keng Gitteren do sinn. Dat heescht et huet een d'Méiglechkeet, wann een dat wëllt, op den Terrain ze lafen ouni datt een zréckgehale gëtt. Mee dat kann eben net verhënneren."

Et wieren och 182 Sécherheetsagenten op der Plaz, mee esou Incidente kéint een ni ausschléissen. Dat géif och an anere Stadie geschéien, esou nach de Joël Wolff.

Och Knupperten a Rakéite goufen am Stadion geschoss, och do wier et schwiereg, alles bei de Leit ze duerchsichen, mee do wier awer d'FLF net zoustänneg, esou de Marc Diederich:

"Beim materielle Schued (duerch Knupperten oder Rakéiten) do ass et kloer, datt d'Auteure vun de Faite ganz kloer reng exklusiv aus dem tierkesche Block kommen an do ass et bei der UEFA esou, datt wa kloer kann zougeuerdent ginn, wéi eng Partei Auteur vun de Faiten ass, déi kréien d'Geldstrof, an deem heite Fall déi tierkesch Federatioun."

D'UEFA ass elo mam Dossier befaasst, an et ass un der europäescher Fussballfederatioun eventuell Sanktiounen ze spriechen.

Méi zum Thema

Stade de Luxembourg
Neien Datum fir Ouverture

Den neie Stadion wäert net wéi virgesi fir de Match Lëtzebuerg géint Schottland de 6. Juni kënne genotzt ginn. Et wier een nach net prett, sot d'Stater Buergermeeschter Lydie Polfer de Moie virun der Press.

Stade Josy Barthel
Sport

Haut den Owend spillt d'Lëtzebuerger Nationalekipp virleefeg fir d'leschte Kéier am Stade Josy Barthel. Fir vill Fussballfans ass dat e Moment fir sech u schéin a manner schéi Momenter am alen Nationalstadion ze erënneren.

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen