Flassbeck: Däitschland ass Ursaach a Léisung vun der Eurokrise
D’Eurokrise ass keng Griicheland-Krise, mee eng tëschent Däitschland engersäits, Frankräich an Italien anerersäits. Dat seet den däitsche Wirtschaftswëssenschaftler Heiner Flassbeck.
D’Eurozon hätt nach ongeféier zwee Joer Zäit fir hir systemesch Krise ze léisen, an zwar bis di nächst Presidentewahlen a Frankräich an en eventuelle Succès vun der Rietsextremer Marine Le Pen. Virun allem Däitschland misst séier seng Wirtschaftspolitik änneren, fir massiv Ongläichgewiichter an der Währungsunioun ze behiewen.
De Michel Delage huet sech mam kriteschen Economist vun der Uni Hamburg Heiner Flassbeck ënnerhalen:
Lauschtert e kuerze Bäitrag iwwert d'Gespréich mam Heiner Flassbeck: