Fixerstuff: Verwaltungsgeriicht annuléiert Décisioun vun der Gemeng

D’Pläng fir eng nei permanent Fixerstuff an der Stad mussen nach waarden! D’Verwaltungsgeriicht huet an éischter Instanz der Firma Paul Würth deelweis Recht ginn an d’Decisioun vum Gemengerot vum 4. Mäerz d’läscht Joer annuléiert, eng Decisioun deemools fir de generelle Bebauungsplang (PAG) zu Hollerech esou ze modifiéieren, fir géigeniwwer vum Setz vu Paul Würth d’Fixerstuff kennen ze bauen. Den entspriechenden Accord vum Inneministère ass logescherweis och annuléiert ginn.

D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot op Nofro hin d’Gemeng géing d’Uerteel respektéieren. Et géing een elo Récksprooch mam Gesondheetsministère huele fir déi nächst Schrëtter ze decidéieren.

Déi aktuell provisoresch Containeren zu Bouneweg kéinten nach op d’mannst zwee Joer laang funktionéieren, esou hirersäits d’Schäffin Viviane Loschetter. Trotzdem, wéinst der grousser Zuel vu Leit déi betreit ginn, wier eng permanent Fixerstuff nach ëmmer batter néideg, genee sou wéi aner Strukturen op anere Plazen am Land.

Den Interview vum François Aulner mam Viviane Loschetter:

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen