Finanzministère: "Keng Aide d'Etat" fir Fiat

Nodeems d'EU-Kommissioun eng Enquête géint Lëtzebuerg lancéiert huet, wéinst dem Verdacht op illegal Staatshëllefe fir d'"Fiat Finance and Trade Ltd. SA" betount de Finanzminister, datt dat d’EU-Kommissioun net de Prinzip vun de sougenannte Steier-Rulingen a Fro stellt.

De Pierre Gramegna weist sech zouversiichtlech, datt déi Lëtzebuerger Steierverwaltung am Dossier Fiat no de "Reegele vun der Konscht" virgaang ass. D'Ufro vun der EU-Kommissioun fir allgemeng Abléck an d'Besteierung vu multinationale Betriber zu Lëtzebuerg ze kréien, soll weiderhin virum Europäesche Geriichtshaff kontestéiert ginn.

Den Interview vum Christian Welter mam Pierre Gramegna:

 

Den 11. Juni hat d'EU-Kommissioun ugekënnegt, datt se eng Enquête géint Lëtzebuerg, Holland an Irland lancéiert huet. Dat wéinst dem Verdacht op illegal Steiervirdeeler, duerch sougenannt tax rulings. Fiat Finance and Trade zu Lëtzebuerg, Starbucks an Holland an Apple an Irland stinn am Verdacht vu Steier-Regimmer profitéiert ze hunn, déi géint EU-Recht verstoussen. Déi sougenannte Steier-Rulingen an der EU sinn u sech net illegal: déi anticipéiert Decisiounen vun der Steierverwaltung dierfen awer keng Firma géigeniwwer anere bevirdeelegen. Den zoustännegen EU-Kommissär Almunia sot, datt Holland an Irland ganz gutt mat Bréissel zesumme geschafft hätten. Dat wier awer net de Fall fir Lëtzebuerg, dowéinst gëtt géint de Grand-Duché och eng Plainte gemaach, wéinst Violatioun vun EU-Traitéen.

D’Regierung huet a Saache Steierpolitik keng Strategie, kritiséiert den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. An der zoustänneger Chamberkommissioun géif seng Partei nämlech ni eng Äntwert kréien, wéi et mat de sougenannte Steier-Rulinge viru geet. De Laurent Mosar zur Enquête vun der EU-Kommissioun am Dossier Fiat:

 

De Justin Turpel kritiséiert, datt et engersäits an Europa Millioune vun éierleche Bierger ginn, déi regelméisseg hier Steiere bezuelen, do wou se schaffen. Déi Leit kéinten och net virum Steieramt fortlafen. Anerersäits géife grouss Entreprisë just nach dohinner goe wou et sinn am bëllegste gëtt. Den Deputéierte vun déi Lénk schwätzt vun enger geféierlecher Tendenz:

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen