Finanzministère kéint e Picasso verkafen
Am Finanzministère gëtt doriwwer nogeduecht e Bild vum weltberühmte Moler Pablo Picasso, dat dem Ministère gehéiert ze verkafen. De Präis kéint Milliounen Euro erreechen. Dobäi geet et ëm den Tableau mam Titel paysage de Cannes au crépuscule, deen dem National-Musée um Fëschmaart geléint gouf.
D’Bild ass vun 1960 an ass ongeféier 1 Meter 30 op 2 Meter grouss. Während enger Ausstellung an de 90er Joere war d’Bild iwwregens liicht beschiedegt ginn. Duerno ass et an de Besëtz vum Finanzministère komm. Am Kulturministère krute mer an enger éischter Reaktioun gesot et wier nach näischt decidéiert.
Op Nofro hin krute mer vum Finanzministère gesot : "no comment bis de 15. Oktober", also deen Dag wou de Budgets-Projet virgestallt gëtt.
UPDATE aus de Noriichte vun 19 Auer: De Staatsministère huet dem radio 100,7 géigeniwwer confirméiert, datt am Finanzministère iwwert e Verkaf vum Bild nogeduecht gëtt.