Finanziell Interessen vun de Regierungsmemberen
Deen ale grad wéi deen neien Deontologiekodex fir d’Regierungsmembere gesäit vir, datt Ministeren hier finanziell Interesse mussen deklaréieren. Dës Informatioune sinn um Internetsite vun der Regierung disponibel. Déi aktuell Diskussioun ronderëm d’Erneierung vum Kodex ass d’Geleeënheet des Deklaratiounen ënnert d’Lupp ze huelen:
De Bäitrag vum Pia Oppel:
An bei där Analys fällt ë.a. op, datt d’Ministeren, hier Declaratioune vun hire finanziellen Interessen net genau op déi selwecht Manéier maachen.
Zum Beispill gëtt de Intérieur- a Fonction-Publique-Minister Dan Kersch (LSAP) un, hien hätt 258 Part’en vun der franséischer Bank “Société Générale” mat engem Wärt (op den 10. Januar 2014) vu ronn 10.800 Euro.
Och den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider leet oppe wéi vill Part’en hie bei der multinationaler Versécherungsgesellschaft Ageas huet, nämlech 85.
Manner Detailer nennt de Premier: de Xavier Bettel (DP) ass Aktionär vun der Deutsche Bank, der Société Générale, vun Nintendo a vu Celsion. Ëm wéi vill Aktien et hei geet, gëtt een awer net gewuer.
Am neien Deontologiekodex gëtt quasi déi selwecht Formulatioun vum alen Text iwwerholl, an zwar steet do datt d’Regierungsmembere virun hirer Vereedegung eng Lëscht mussen ofginn, mat hire berufflech Aktivitéiten iwwert déi lescht zéng Joer. An weider:
“La liste renseigne en outre sur les intérêts financiers des membres du Gouvernement. A cette fin, elle indique toute forme de participation financière individualisée, sous forme d’actions ou d’autres titres, dans le capital d’une entreprise.”
Wéi detailléiert des Informatioune mussen si, gëtt net präziséiert.
Aacht Regierungsmembere ginn un, datt si guerkeng finanziell Participatiounen hunn. Dorënner sinn fënnef LSAP-Ministeren, zwee DP-Ministeren an ee Minister vun déi Gréng. An zwar präziséiert de grénge Justizminister Felix Braz, datt hien seng Part’en an der CLEAR SA , déi hie selwer mat gegrënnt huet, virun Amtsuntrëtt un seng Associéë verkaf huet.
Eng Rei Ministeren hunn da Parten an hiren eegene Betriber: d’DP-Familieministesch Corinne Cahen huet 100 Prozent vun der Chaussures Léon Sarl. Déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg gëtt un si wier Associé bei Moulin Dieschbourg.
Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch, an de Staatssekretär Camille Gira, allebéid vun déi Gréng, hunn iwwerdeems Part’en vum Energiepark Réiden. Wéi vill ass net präziséiert.
An den Deklaratioune fënnt een iwwerdeems nach weider Informatiounen, zum Beispill iwwert déi professionell Aktivitéit vun de Regierungsmemberen hirem Conjoint.
D'Reaktioun vum Xavier Bettel nom Regierungsrot: