Manif Gesondheets-a Sozialsecteur FHL: "Mir kënne kee Blankoscheck ënnerschreiwen"
De President vun der Spidolsfederatioun reagéiert op d'Maniff vum Gesondheets- a Sozialsecteur a seet, déi hätt keen Afloss op d'Ongewëssheet an där d'FHL de Moment wier. E bréicht ee budgetär Sécherheet.
De Paul Junck hëlt d'Maniff vun de Beschäftegten aus dem Gesondheets- a Sozialsecteur vun e Samschdeg zur Kenntnis. "Wann 9000 Leit an der Strooss waren, dann ass dat ee Succès fir d'Gewerkschaften, mee dat huet awer keen Impakt op d'Disponibilitéit vu Suen", sou de President vun der FHL um Sonndeg. "Wann ech muss Suë verdeelen, da brauch ech Suen. Egal wéi vill Leit op der Strooss sinn".
Et wier déi gréisst Maniff, déi et jee am Lëtzebuerger Gesondheets- a Sozialsecteur ginn hätt, sot d'OGBL-Gewerkschaftssekretärin Nora Back um Samschdeg virun de Manifestanten. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB fuerderen datt d'Kollektivverträg aus dem Spidols- a Sozialsecteur (FHL an SAS) – sou wéi am Artikel 28 vun de respektive Kollektivverträg virgesinn – un d'Lounentwécklung an der Fonction publique ugepasst ginn. D'Verhandlunge mam Patronat, also d'Spidolsfederatioun an d'Verbänn aus dem Fleege- a Sozialsecteur, stiechen awer an enger Sakgaass.
Carrièresopwäertung: "Käschten ze vill onkloer"
Et hätt een de Gewerkschaften awer eng Propose gemaach, sou de Paul Junck, nämlech de Beschäftegten nach virum Summer d'Prime vu 0,9% an d'Gehaltserhéichung vun 2,2%, déi rezent am ëffentlechen Déngscht gemaach gi sinn, auszebezuelen. D'Gewerkschaften haten dat awer refuséiert, well de Pak sou net komplett gewiescht wier, nämlech ouni Opwäertung vun de Carrièren, sou wéi se beim Staat geschitt ass: "Et ass inakzeptabel, datt d’Fédération des hôpitaux eis proposéiert huet, eis laang iwwerfälleg Carrièresunerkennung nach weider 18 Méint op Äis ze leeën!", sou d'Nora Back op der Maniff.

De Paul Junck vun der FHL seet, et wier de Moment nach ze onkloer wat déi Carrièresopwäertung finanziell géif ausmaachen. Déi budgetär Enveloppe vu 900 Milliounen déi d'Spideeler vun der CNS pro Joer kréien, géif duergoe fir déi 0,9 an déi 2,2% Erhéijungen un déi Beschäftgegt ze bezuelen. Eventuell awer net fir d'Carrièresopwäertung, well déi kascht: "De finanziellen Impakt gëtt chiffréiert tëscht 40 bis 100 Milliounen Euro pro Joer", sou de President vun der FHL.
Accord bipartite: "Dat sinn een, zwee Sätz"
De Paul Junck verstoppt net, datt et een Accord tëscht Gewerkschaften a Regierung gëtt, an deem 2014 festgehal gouf, datt de budgetäre Volet vun der Upassung am Gesondheets- s Sozialsecteur assuréiert ass. "Mee dat sinn een, zwee Sätz am Accord. Lo geet et ëm d'Methodologie fir ze Berechne wat fir Käschte genau op eis zoukommen", sou de Paul Junck.
Zanter méi wéi engem Joer scho ginn FHL a Gewerkschaften sech an hirer Commission paritaire iwwert eben déi Methodologie net eens. Dofir hätt d'FHL dem OGBL an dem LCGB virgeschlo, ze waarde bis d'Commission paritaire vu Fleege-a Sozialsecteur (SAS) eng Propose ausgeschafft huet, sou de Paul Junck. Doru kéint ee sech dann orientéieren. "Bei der SAS sinn nieft Gewerkschaften a Patronen och héich Vertrieder vum Staat an der Commission paritaire vertrueden. Do muss déi richteg Rechemaschinn fonnt ginn, fir ze wësse wat d'Opwäertung vun de Carrière kascht a wat de Staat bereet ass ze bezuelen".
Gewerkschaften schwätze vu Manktem u Courage
Bis dohi wier et schwiereg als FHL mat de Gewerkschaften een Accord iwwer d'Opwäertung vun de Carrièren ze ënnerschreiwen, well net gewosst wier, ob de Budget vum Staat zur Verfügung gestallt géif ginn, seet de President vun der Spidolsfederatioun. "Mir kënne kee Blankoscheck ausstellen", sou de Paul Junck.
D'Gewerkschaften haten dem Patronat op der Manifestatioun vum Samschdeg ënner anerem ee Manktem u Courage virgeworf a verweisen op den Accord tëscht Gewerkschaften a Regierung, deen assuréiert datt de budgetäre Volet vun der Upassung assuréiert ass.
Den Interview mam Paul Junck lauschteren: