FHL: Accord Gewerkschafte-Regierung kéint de Budget vun de Spideeler sprengen

De Spidolsverband FHL freet sech, wéi e finanziellen Impakt de rezenten Accord tëschent der Regierung an de Gewerkschaften op de Secteur wäert hunn. d'Regierung huet sech jo engagéiert, d'Verbesserungen an der Fonction publique op d'Personal vum Spidolsecteur engersäits, anerersäits vum Fleege- a Sozialsecteur z'iwwerdroen.

Op di zousätzlech Käschte vum Gehälter-Accord war ee virbereet, sou den FHL-President Paul Junck am 100,7-Interview. D'Opwäertung vun de Karriären awer géif déi fir di nächst zwee Joer festgeluechte budgetär Enveloppe sprengen. Den FHL-President bezitt sech op di sougenannte "Commission des traitements", déi viru 4 Joer en Impakt vun 42 bis 83 Milliounen Euro d'Joer berechent hat.

Fir de Fleege- a Sozialsecteur war d'Opwäertung vun de Karriären deemools op zousätzlech 60 bis 66 Milliounen Euro d'Joer geschat ginn.

Iwwert de méiglechen Impakt vum Accord op d'Spideeler de Bäitrag vum Michel Delage:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen