Fernbusser: Nischeprodukt oder serieux Konkurrenz?

20150821-fernbus-1000911


iru gutt zwee Joer ass an Däitschland de Marché fir d’Laangstreckebusser opgaang. Virdru goufen et do staark Restriktiounen, mam Zil fir d’Deutsche Bahn ze schützen. Et huet net laang gedauert bis de Fernbus och säi Wee op Lëtzebuerg fonnt huet.

Zanter Juli 2013 schafft d’Compagnie MeinFernbus/Flixbus, déi de Marché an Däitschland fest am Grëff huet, hei am Land mat Voyages Emile Weber zesummen. Lëtzebuerg-Frankfurt a Lëtzebuerg-Berlin sinn d’Strecken déi fir de Moment ugebuede ginn.

Et gëtt awer och schonn haart driwwer nogeduecht d’Offer vun an op Lëtzebuerg auszebauen. D’Liberaliséierung vum Marché a Frankräich, déi elo usteet, gëtt vu Mein Fernbus/Flixbus als Opportunitéit gesinn, fir zu Lëtzebuerg nach méi present ze ginn.

De Modell Fernbus ass awer net onëmstridden – am Géigendeel: an Däitschland fuerdert d’Deutsche Bahn, déi d’Konkurrenz am meeschten ze spiere kritt, datt eng Maut fir Laangstreckebusser agefouert gëtt. Eng Revendicatioun, déi vu Politiker aus enger ganzer Rei Parteien opgegraff gouf.

Wéi ginn d’Fernbusser um Lëtzebuerger Marché wouergeholl?

Äntwerte ginn et am Dossier vum Christiane Kleer

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen