Fernand Etgen (DP) - Christian Kmiotek (Déi Gréng)
D’DP wëllt en “Ausbildungs-Mindestloun” aféieren, deen däitlech méi niddereg ass wéi de legale Mindestloun. "Domat wëll mer deene Leit, déi keng héich Qualifikatioun hunn, d’Halschent vun de Chômeuren zu Lëtzebuerg, hëllefen eng Platz an engem Betrib ze fannen", esou de Fernand Etgen, Kandidat vun der DP am Norden. Déi Gréng fannen dat kéng gutt Iddi, esou de Christian Kmiotek, Kandidat vun déi Gréng am Osten : “Souguer mam legale Mindestloun ass et schwiereg fir hei zu Lëtzebuerg ze wunnen an ze liewen.”
D’Finanzéierbarkeet vum Gehälter-Accord an der Fonction Publique stellt d’DP a Fro. Fir déi Gréng muss den Accord tëscht CSV-LSAP Regierung a CGFP fir d’Joren 2014-15 awer respektéiert ginn. “Accorden muss een anhalen, méi ass dozou net ze soen”, esou de Christian Kmiotek. De Fernand Etgen sot: “Et ass relativ schwéier de Leit ze vermëttelen, datt a Krisenzäiten déi eng sollen eppes bäi kréien an déi aner sollen zousätzlech Laaschten droe fir dat ze finanzéieren”, esou den DP-Kandidat.
De ganze Face-à-Face, moderéiert vum François Aulner, kënnt Der hei nolauschteren: