Aarmut Extrem Aarmut bei Elengerzéiende klëmmt

Den Aarmutsrisiko ass bei den elengerzéiende Stéit am héchsten. D'Hallschent vun dëse Stéit hunn een Akommes, dat ënner der Aarmutsgrenz läit. De Seuil de pauvreté läit bei 60 Prozent vum Revenu equivalent médian. Dat ass d'Duerchschnëttsakommes, dat d'Zesummesetzung vun de Stéit mat betruecht. D'Chambre des salariés huet elo an enger Etüd erausfonnt, datt déi extrem Aarmut bannent de leschte Joren an d'Luucht gaangen ass.

Carole Schimmer / cbi

Kanner- an Erwuesseneschung
Foto: Bigstock / Thailand onme

2017 louch d'Aarmutsgrenz bei 21.645 Euro. Mat abegraff sinn all déi sozial Transferten wéi d'Kannergeld, Steierkreditter oder nach Alimenter, déi fir d'Kanner bezuelt ginn. 18,7 Prozent vun de Stéit zu Lëtzebuerg leien ënner dem Aarmutsrisiko, bei den elengerzéiende Stéit sinn et 46 Prozent.

Et gëtt en Trend no uewen

D'Etüd vun der Chambre des salariés analyséiert iwwerdeems d'Evolutioun vun der extremer Aarmut, dat heescht, wann ee Stot manner wéi 40 Prozent vum Duerschnëttsrevenu zur Verfügung huet. An der gesamter Populatioun si 5,8 Prozent vun de Stéit an deem Fall, bei monoparentalle Famille sinn et souguer 23 Prozent.

Et gëtt een Trend no uewen, esou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés. Zanter 2016 wier dësen Taux relativ staark geklommen: "Bei 60 Prozent si mir konstant bliwwen, mee et si méi Leit, déi well ënner déi 40 Prozent vum Revenu médian falen, dat sinn 23 Prozent bei den Elengerzéienden."

Aarmutsrisiko gouf nach net präzis gerechent

Dat wier eng staark Steigerung, an der Moyenne ware virdrun eelef Prozent vun den Elengerzéiende concernéiert. Den Duerchschnëtt vun der Bevëlkerung läit bei sechs Prozent. Bis elo gouf den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg nach net esou präzis ënner d'Lupp geholl, ënnersträicht de Robert Urbé vun der Caritas.

Dat wier bis elo nach ni esou genee nogewise ginn, virun allem net, datt déi Zuel sech an de leschte Jore bal verduebelt hätt. "Dat ass eppes wouriwwer ee sech muss Gedanke maachen a wou d'Politik muss handelen."

Et misst ee méi wäit goen

De Grand-Duché kënnt bei der extremer Aarmut am Verglach mat all den aneren EU-Memberlänner ganz schlecht ewech an erreecht bei den elengerzéiende Stéit den zweethéchsten Taux an der EU, just hanner Irland. De Revis ass an den Ae vun der CSL net wäit genuch gaangen, och wa spezifesch Moossname fir elengerzéiend Stéit ergraff goufen.

"Am Kader vum Revis ass schonn eng spezifesch Moossnam ergraff ginn, fir deene Stéit, déi monoparental sinn, ze hëllefen. Do ass et nach ze fréi, fir dat an de Statistiken erëmzefannen. Et ka sinn, datt déi Moossnamen dozou féieren, datt et liicht erofgeet. Mee dat geet awer menger Meenung no net duer fir op ee normalen Niveau ze kommen, wat den Aarmutsrisiko betrëfft."

Wierkung vu soziale Mesuren ofwaarden

Et misst een och ofwaarden, wéi eng Wierkung de Steierkredit an d'Reform vum Revis kéint hunn, mee et misst méi geschéien, betount de Robert Urbé. Hie fuerdert, datt déi Chiffere méi genee ënner d'Lupp geholl ginn, fir erauszefannen, aus wéi engem Grond déi extrem Aarmut bei Elengerzéienden esou drastesch an d'Luucht gaangen ass.

70 Prozent vun den elengerzéienden Eltere schaffen, si hunn dacks een Deelzäitjob, deen och nach dacks schlecht bezuelt ass.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Pia Oppel Analys
Chamberwahlen 2018

All d'Parteie si géint Aarmut an ze grouss sozial Inegalitéiten. Mee vill Wahlprogrammer evitéiere méi sensibel Aspekter vun dëser Thematik, notamment d'Inegalitéite vum Patrimoine, fënnt d'Pia Oppel.

Robert Urbé, Jean-Claude Reding
Sozial Gerechtegkeet

D'Schéier tëscht Aarm a Räich geet auserneen. D'Hausse vun der Aarmut huet mat Ongläichheete vum Revenu ze dinn. D'Friichte vum ekonomesche Wuesstem wieren ongläich verdeelt, seet de Jean-Claude Reding.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen