EVP-Kongress: Jean-Claude Juncker ass Spëtzekandidat
De Jean-Claude Juncker ass Kandidat vun der Europäescher Vollekspartei fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident. De fréiere CSV-Premier krut um EVP-Kongress zu Dublin 382 Delegéierten-Stëmmen, géigeniwwer 245 fir de Fransous Michel Barnier.
o wier keng Zäit méi ze verléieren, sou de Jean-Claude Juncker a senger éischter Ried als EVP-Spëtzekandidat: déi europäesch Sozialdemokraten hätten hiren Europawahlkampf scho laang lancéiert, dee Retard misst elo opgeholl ginn.
De Spëtzekandidat vun de Konservativen huet iwwerdeems kritiséiert, datt d'Sozialdemokraten déi d’Euro-Krisepolitik als reng Austeritéitspolitik duerstellen géifen: Un den Decisioun wieren an de Krisejoren och sozialdemokratesch Regierungsvertrieder bedeelegt gewiescht. An den Euro hätt ee gerett.
Hei déi éischt Ried vum Jean-Claude Juncker als EVP-Spëtzekandidat:
An enger Pressekonferenz huet de Jean-Claude Juncker op e Neits betount, datt hien zu Lëtzebuerg net op der CSV-Lëscht wäert kandidéieren: hie wéilt EU-Kommissiounspresident ginn, a net Europadeputéierten.
D'Pia Oppel am Owespanorama live vum EVP-Kongress zu Dublin:
