Europapolitik
D’Zäite vum generellen Europa-Enthusiasmus schénge bis op weideres eriwwer ze sinn: déi Impressioun kritt ee wann een duerch d’Wahlprogrammer bliedert an d’Wahlkampfdebatte suivéiert: wou et mam europäeschen Integratiounsprojet genau soll higoen, dozou wëll keng Partei konkret Aussoen maachen. Mee carrément europaskeptesch Stëmme ginn et zu Lëtzebuerg, am Géigendeel zum Ausland, keng.
Dem pro-europäesche Ruff vum Land huet d’CSV-LSAP-Regierung an de leschte Joere geschuet, sou d’Aschätzung vum Tonia Koch vum Deutschlandfunk an eiser Analys. Besonnesch beim Bankgeheimnis hätt een ze laang blockéiert.
Fir an Zukunft iwwert EU-Initiativen a Saache Finanztransaktiounssteier a Steierharmoniséierung e méi sachlechen Debat kënnen ze féieren, muss d’Regierung di néideg Chiffre public maachen, sou d’Fuerderung vum Claude Meisch, DP-Spëtzekandidat am Süden. Iwwerdeems schéngt kloer, dass d’Chamber sech hiert Matsproocherecht muss erkämpfen: d’Budgetsprozedur beispillsweis gouf awer nach ëmmer net un de Kalenner vum europäesche Semester ugepasst.
Brenzelech Dossier’en, fir déi eng nächst Regierung sech elo e Verhandlungsmandat vum Bierger kéint froen, sin d’Steieroptiméierung, d’Bankenunioun an d’Rettungspläng fir Eurokriselänner, sou d’Analyse vum Michel Delage. Den 100,7-Journalist war den Invité beim Pia Oppel am Studio.