“Europäesch Flüchtlingspolitik ass en Echec”
“Déi dissuasiv Flüchtlingspolitik vun der EU déi läscht 25 Joer ass en Echec”, seet am 100,7-Gespréich d’Catherine Wihtol de Wenden. Fir d’Juristin an d’Fuerschungsdirektesch vum Centre de recherche “CNRS Sciences Po” vu Paräis, muss Europa ëmdenken. Der Migratiounsexpertin no, soll d'EU hir securitaire a repressiv Approche opginn, fir ee méi respektvollen, efficacen an diskreten Accueil vun de Flüchtlingen, deen hinnen och en Accès gëtt op den Aarbechtsmaart. Mat der aktueller Flüchtlingskriis stéing Europa vrun engem Schlësselmoment wat seng gesellschaftlech Valeuren ugeet. Fir d’Fuerscherin hätten d’Politiker eng grouss Responsabilitéit am Bild dat sech déi europäesch ëffentlech Meenung vun de Flüchtlinge mëscht.
Am Gespréich mam Mick Entringer erkläert d’Catherine Wihtol de Wenden d’Hannergrënn vun den ënnerschiddlechen europäesche Positiounen an der Flüchtlingskriis an d’Erausfuerderungen un d’Flüchtlingspolitik vun der EU: