Europachronik: Manner Regelen – weem déngt dat?

D’Europäesch Kommissioun stellt des Woch hiren Aarbechtsplang fir 2015 fir. Am Virfeld gouf scho bekannt, dat Bréissel plangt, eng ganz Parti Gesetzprojeten zeréck ze zéien. D’Kommissioun mécht domatt dat, wat se versprach huet. Virun allem an der Ëmweltpolitik kéint dat awer de Géigendeel vun engem Fortschrëtt sinn. D’Europachronik vum Danièle Weber:

 

Ee grousst Zil vun dëser Europäescher Kommissioun ass déi sou genannte Better Regulation. Dee Begrëff steet fir manner Bürokratie, méi efficace Gesetzer, méi kuerz Instanzeweeër – an esou weider. Eppes, wat d‘Industrie, wat d‘Entreprise begréissen, an eppes, wat bei den Emweltverbänn oder Gewerkschaften Alerte ausléist. Si fäerten eng Dereguléierung, eng weider Liberaliséierung, méi Pouvoir fir de Marché a manner fir d’Politik.

De Meeschter vun der Better Regulation an der Europäescher Unioun ass de Frans Timmermans – éischte Vizepresident vun der Kommissioun a riets Hand vum Jean-Claude Juncker. Vun Ufank un huet hien kee Blat virun de Mond geholl, datt esou eng Better Regulation säin Zil ass. Datt dëst vläicht am Widdersproch steet mat deem, wéi sech de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gären duerstellt, huet vill Leit net gestéiert – si wollte gleewen, datt des Kommissioun awer iergendwéi an hirem Sënn handele wäert.

Méi ewéi 80 geplangte Gesetzer wëll de Frans Timmermans op de Leescht huelen. Dat koum elo schonn am Virfeld vun der offizieller Presentatioun vum Kommissiounsprogramm eraus. Dorënner sinn zwee Gesetzespäck, déi besonnesch den Emweltverbänn ganz uewe leien: een iwwert d’Reduzéiere vun Offäll an een iwwert manner Loftverschmotzung.

Déi zwee Gesetzespäck sinn ënnert de Memberlänner ganz ëmstridden, si leien zanter enger Zäit am Tirang vun der Kommissioun. Bréissel huet elo de Label: „keen Accord en vue“ drop gepecht a well se dowéinst zeréckzéien. Dat Argument ass eigentlech erstaunlech: D’Kommissioun ass dofir do, Gesetzer ze proposéieren, an déi Gesetzer sollte méiglechst esou ausgeschafft sinn, datt d’Mesuren efficace sinn. Datt déi Proposen dono bei de Memberlänner op Oppositioun stoussen a ferme bekämpft ginn, ass näischt Neits.

Wann elo also besonneg ëmstridde Projeten am Sënn vun der Better Regulation zeréckgezu ginn, gëllt an Zukunft an der EU: vu vireran haart dergéint blären, da kennt et guer net zu engem europäesche Gesetz.

Bréissel géif, esou d’Argument vun der Kommissioun, am Sënn vun de Bierger handelen, am Sënn vun deem, wat fir si wierklech zielt, an dat sinn Aarbechtsplazen, Wuesstem an Investitiounen. Et ass deemno an engem gewësse Sënn konsequent, déi zwee Gesetzer zeréckzezéien. Den Daachverband vun den Patronen huet dat nämlech explizit bei der Kommissioun ugefrot.

Allerdéngs sollt een dann konsequenter Weis och den Titel vun der Better Regulation ëmänneren – an dee vun manner Reguléierung am Sënn vun der Neoliberaliséierung. Dat allerdéngs wier een Aarbechtstitel, deen dem Kommissiounspresident net gefale géif. Gutt, datt hie säi Vizepresident huet, dee sech fir des industriefrëndlech Initiative staark mécht.

De Jean-Claude Juncker huet och an der Vergaangenheet gewisen, dat hien eng gutt Nues fir eng Aarbechtsopdeelung huet, déi him de Rôle vum Bad Guy um europäesche Plang erspuert. De Luc Frieden, deen am Conseil d’Finanzplaz Lëtzebuerg verdeedegt huet, während de Chef vum Eurogrupp eng aner Plack opleeë konnt, kann dovun ee Lidd sangen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen