EU-Tierkei Accord “Et soll méiglechst kee méi an d'EU areesen – ee Skandal”

Den Accord tëschent der Europäescher Unioun an der Tierkei iwwert d’Gestioun vu Flüchtlingen ass zënter zwou Wochen a Kraaft. Mat deem Ofkommes huet sech Ankara engagéiert, Flüchtlingen aus Griicheland zeréck ze huele wann d´EU am Géigenzuch syresch Réfugiéen aus der Tierkei empfänkt. Deen Accord gouf iwwert de Knéi gebrach a kann net hale wat e versprécht: datt manner Leit hiert Liewe musse riskéieren an iwwert de legale Wee an Europa kënne kommen, mengt eis Bréissel-Korrespondentin Danièle Weber.

Kommentar Danièle Weber
Danièle Weber

Mam Wuert Skandal sollt een als Journalistin ganz virsiichteg ëmgoen. Dat maachen ech och am Allgemengen. Allerdéngs schéngt den Term mer an dësem Fall éischter ze schwaach ze si fir dat ze beschreiwen, wat do tëschent der EU an der Tierkei decidéiert gouf. Net nëmmen, datt d’Recht op Asyl geoutsourced gëtt, an ee Land dat, Amnesty International no, zënter Januar Dausende vu Syrer nees heem an e Krichsgebitt geschéckt huet, an domat géint d’Genfer Flüchtlingskonventioun verstéisst.

Net nëmmen, datt zënter den Accord a Kraaft ass, Dausende vu Réfugiéen, Famillje mat Kanner inclues, a Lagere wéi am Prisong festgehale ginn – en attendant, datt si an d’Tierkei gefouert ginn. De Lëtzebuerger Premier sot, wéi hien zesumme mat deenen aneren EU-Staats- a Regierungscheffen den Accord decidéiert huet, hie wier frou, datt den UNHCR mat u Bord ass. Den UNHCR huet an der Tëschenzäit däitlech gemaach, datt hien net Deel vun deem Accord ass, an huet massiv Kritik geüübt.

Ëmgesat gëtt den Accord trotzdem.

De Skandal läit awer net nëmmen an dëser onmënschlecher an illegaler Praxis. De Skandal läit och am Prinzip vum Accord selwer. Am Accord gouf een “1 zu 1”-Prinzip festgehalen: Fir all Syrer, deen d’Tierkei aus Griicheland zeréck hëlt, soll ee weidere Syrer an d’EU ëmgesiddelt ginn. De Xavier Bettel huet den Deal mat der Tierkei esou erkläert: De Message un d’Flüchtlingen wier: “riskéiert net är Liewen, klammt net an e Boot fir a Griicheland wann der eng aner legal Perspektiv hutt an d´EU anzereesen.” Ween awer eent an eent zesummenziele kann, erkennt den Hoke bei dësem Deal zimlech séier.

"Europäesch Valeuren an internationaalt Recht iwwer Bord gehäit"

Wann den erwënschetn Effekt antrëtt a sech effektiv Flüchtlingen dovun ofhale loossen, a Griicheland ze fueren, wann also bal kee méi a Griicheland ukéim, géif och kee méi an d’Tierkei zeréck gefouert, an also och kee méi aus der Tierkei an d´EU ëmgesiddelt. Déi legal Dier kann deemno genee esou séier zougoe wéi se opgaangen ass. An aus dem 1:1 gëtt een 0:0.

An anere Wierder: Réfugiéen, déi op eng legal Méiglechkeet spekuléiere fir an d’EU anzereesen, mussen drop hoffen, datt weiderhin anerer hiert Liewe riskéieren a sech op de Wee iwwert d’Mëttelmier bis op eng griichesch Insel maachen. Ween also eent an eent zesummenzielt erkennt och ouni gréisser intellektuell Ustrengungen den eigentleche But vum Deal mat der Tierkei: Et soll méiglechst kee méi an d´EU areesen.

Fir dee But ze erreeche ginn net nëmmen déi vill zitéiert europäesch Valeuren, mee och internationaalt Recht iwwer Bord gehäit. An dat ass ee Skandal.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Danièle Weber
Lauschteren

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen