EU-Sommet: Keng Décisioune fir Massestierwen am Mëttelmier ze verhënneren

Um extraordinäre Sommet vun der Europäescher Unioun iwwert Flüchtlingskatastrophe gouf et net vill konkret Resultater. Domat huet d’EU nees eng Kéier gewisen, datt de Welle weider Tragedien ze verhënneren net do ass. "Eng schrecklech Äntwert op dat, wat am Mëttelmier geschitt", seet d’Danièle Weber an eiser Europakronik:

 

Den Text vum Bäitrag:

D’Resultater vum Sommet sinn äussert vague, d’Richtung vun der europäescher Politik ëmsou méi däitlech. Ob een elo den 10-Punkte Programm vun der Europäescher Kommissioun kuckt oder d’Decisioune vum Sommet ass de Schwéierpunkt kloer: Et geet drëms esou vill wéi méiglech Leit dovun ofzehalen an Europa ze komme – wann dobäi e puer Liewe gerett ginn, OK – wann net, tant pis.

Och op dësem Sommet hat trotz vill Betraffenheet an trotz den iwwer 1500 Leit, déi zanter Ugangs des Joers am Mëttelmier erdronk sinn, d’Rette vu Mënscheliewe keng Prioritéit. Verschidde Memberlänner hunn sech zwar engagéiert Schëffer an de Süden ze schécken an d’Operatioun Triton kritt méi Sue. Fir wat genee ze maachen, ass allerdéngs net kloer.

Am Géigendeel: um Sommet huet sech däitlech gewisen, datt d’Memberlänner sech guer net eens iwwert d’Mandat vun Triton sinn. Iwwerdeems erklärt de Chef vun der Grenz-Agence Frontex, iwwert déi d’Operatioune koordinéiert ginn, datt et net d’Aufgab vu Frontex wier Leit aus dem Mier ze zéien.

Et ass makaber et als Succès ze verkafen, datt de Budget vun Triton verdräifacht gëtt. Domat huet d’Operatioun elo genee esou vill Suen zur Verfügung wéi hir Virgängerin Mare Nostrum, déi zejoert am Mëttelmier gelaf ass. Mir sinn also nees do, wou mir virdru waren: Dat heescht matten an der Katastroph. Zejoert sinn nämlech, trotz Mare Nostrum an trotz dräifachem Budget, 3.000 Mënschen am Mëttelmier ëmkomm. Mat esou Chiffren huet sech d’EU also ganz offensichtlech offonnt.

Wat nach méi makaber ass: amplaz ee serieuxe Rettungsplang opzesetzen ass ee méi kreativ, wann et em d‘Repressioun geet. Schëffer vu Schleiser ze zerstéieren ass eng nei Mesure, déi envisagéiert gëtt.

Well et ass ee sech eens driwwer, datt d’Schleiser, déi Béis sinn, déi Sue mam Dout vun anere verdéngen. Sou goufen se och vum Lëtzebuerger Premier um Sommet duergestallt.

Datt Leit, déi hiert Liewe rette wëlle, ganz einfach keng aner Chance hu fortzekommen wéi duerch des Schleiserbanden, gëtt einfach ewechgelooss. Och, datt doriwwer eraus, Organisatiounen, déi Flüchtlingen hëllefen, méi sécher iwwert d’Mier ze komme kriminaliséiert ginn.

De legale Wee an Europa war och op dësem Sommet kee Sujet.

Aplaz dovu soll ee Pilotprojet op fräiwëlleger Basis lancéiert ginn fir e puer Dausend Réfugiéen anescht an Europa ze verdeelen. Dat ass en vue vun der Zuel vun de Réfugiéen an de Nopeschlänner vun de Kriseregioune ganz einfach lächerlech.

En anere Béise war op dësem Sommet och séier erausgesicht: De britesche Premier David Cameron, dee schonn ier en eragaangen ass sot: "Mir schécke Schëffer, mir si prett Leit ze retten an se an Italien ofzesetzen." Et misst awer och kloer sinn, datt déi nämlecht Leit keen Asyl a Groussbritannien ufroe kennen.

Dat sinn däitlech Wierder. Méi däitlech, wéi déi vun den anere Staats- a Regierungscheffen. Dobannen hannert zouenen Dieren hu si awer méiglecherweis näischt fundamental aneres wéi de britesche Premier gesot.

Et schéngt ee sech eens ze sinn, datt d'Mëttelmier e Massegraf ass, dat zu Europa gehéiert. Et huet ee just net de Courage, dat esou ze soen.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen