EU Parlament verstäerkt d'Direktive "Détachement"

D’sougenannt Direktive “Détachement” gëtt verstäerkt an d’Aarbechter, déi bannent der EU fir kuerz Zäit an engem anere Land schaffe, solle besser protegéiert ginn. D’EU-Députéiert hunn haut zu Stroossbuerg fir nei Reegele gestëmmt, déi ënnert anerem Kontrollen a Sanktioune virgesinn, géint Betriber déi minimal Loun- an Aarbechtskonditiounen net respektéieren. D’Parlament huet esou en Accord tëscht den EU-Aarbechtsministeren am Dezember validéiert.

Den europäesche Gewerkschaftsbond (CES) kritiséiert awer de Vote haut am Europaparlament. D’Kontrolle misste nach ëmmer duerch d’EU-Kommissioun autoriséiert ginn an d’Sanktioune wiere ganz schwéier ëmzesetzen. “D’EU-Parlament huet haut eng grouss Chance verpasst, fir déi fundamental Problemer vun der Direktive ze léisen”, esou d’Generalsekretärin vum CES Bernadette Ségol am 100,7-Interview.

De Bäitrag vum François Aulner:

 

De ganzen Interview mam Bernadette Ségol:

 

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen