EU-Parlament vereinfacht Decisioun vun EU-Staaten iwwer OGM'en
Eng grouss Majoritéit am Stroossbuerger EU-Parlament huet en Dënschden eng Direktiv ugeholl, mat där d’Memberstate méi einfach kënnen iwwert den Ubau vu genmanipuléierte Planzen decidéieren.
Bis dohin hunn d’Staate sech misste géigeniwwer de Gen-Konzerner rechtfertegen. Déi Lëtzebuerger Regierung huet ënnerstrach, datt den Ubau vun OGM’en hei am Land bis op weideres verbuede bleift. D’Direktiv, déi elo gestëmmt ginn ass, heescht awer nach laang net, datt keng gen-modifizéiert Planze méi an der EU wäerte wuessen.
Detailer mam Simon Larosche: