EU-Finanzhëllef fir d'Ukrain EU-Kommissioun wëll sech net op geneeën Timing festleeën

​D'EU versprécht, déi weider Finanzhëllef fir d'Ukrain sou séier wéi méiglech ze deblockéieren - d'Europäesch Kommissioun wollt sech de Mëtteg awer net op een ee fixen Delai festleeën. Den ukrainesche President Wolodymir Zelenskyj hat sech an der Nuecht vum Donneschdeg op de Freideg driwwer beklot, datt d'EU Retard huet am Ausbezuele vu Finanzhëllefen a Milliardenhéicht.

Danièle Weber (Bréissel) / cz

Membere vun der EU-Kommissioun
D'Membere vun der EU-Kommissioun (Foto: EC - Audiovisual Service)

Lauschteren

Uganks der Woch sinn an enger éischter Tranche eng Milliard Euro un d'Ukrain iwwerwise ginn, confirméiert haut d'Europäesch Kommissioun an enger Reaktioun op d'Reprochë vun hënt vum ukrainesche President géintiwwer Bréissel. D'EU hat allerdéngs eng Hëllef vu néng Milliarde versprach.

Dem Wolodymir Zelenskyj no wier de Rescht blockéiert, säi Vizechef hat Däitschland fir dee Blockage responsabel gemaach.

Ob a wéi ee Land dohannert stécht, wollte weder den ukrainesche President nach déi Europäesch Kommissioun haut ëffentlech soen.

Et feele Garantië fir de Pak zesummen ze kréien

Fakt ass, datt d'Kommissioun Krämpes huet, déi aacht Milliarden zesummenzekréien. 70 Prozent vun deem Posten ass net am EU-Budget virgesinn, a fir d'Suen op de Finanzmäert léinen ze goen, feelen den Ament Garantien, confirméiert haut ee Spriecher vun der Kommissioun.

Et wier keen einfache Pak. Eng Optioun wier et, datt déi Garante vun de Memberlänner kommen. Et géif een och aner Méiglechkeete préiwen, wéi eng wollt den Eric Mamer net verroden. Doriwwer géif elo net spekuléiert.

Fir d'Ukrain gëtt d'Zäit knapps

D'Ukrain ass mat engem Defizit am Budget a Milliardenhéicht konfrontéiert a brauch dringend Sue fir Paien oder Pensioune vu Beamten ze bezuelen.

Op ee geneeën Timing, bis wéini eng Léisung soll fonnt ginn, wollt d'Kommissioun sech haut och net festleeën.

Méi zum Thema

E Gebai an der Nuecht mat de Luuchten un
15 Prozent manner Energieverbrauch

Den Energieverbrauch soll an der EU ab dem 1. August 2022 ëm 15 Prozent reduzéiert ginn. Spuenien huet gëschter konkret Mesure beschloss, zu Lëtzebuerg soll dat eréischt am September geschéien.

Den Oleksiy Chernyshov an de Franz Fayot
Krich an der Ukrain

Méi wéi 40 Staaten an international Organisatioune wëllen der Ukrain beim Erëmopbau hëllefen. Et misst ee virum Wanter hëllefen, seet de Franz Fayot. Wéi vill Sue mobiliséiert solle gi wier nach net decidéiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen