EU-Kommissioun soll provisoresch a Joseph Bech-Gebai an alt PWC-Gebai plënneren

100,7-Informatiounen no gëtt de Gros vum Personal vun der EU-Kommissioun um Kierchbierg deemnächst an dat aalt Gebai vu PriceWaterhouseCoopers op der Cloche d’Or respektiv an d’Joseph Bech-Gebai nieft dem Auchan um Kierchbierg ënnerbruecht. Dës zwee Site stinn elo mat grousser Wahrscheinlechkeet fest, hu mer erausfonnt. Eng 1.600 Leit wiere vun där Plënneraktioun betraff.

D’Jean Monnet-Gebai um Kierchbierg, wou d’Servicer vun der Kommissioun de Moment ënnerbruecht sinn, gëtt wéinst Problemer mat Asbest ofgerappt. De Bau vum Jean-Monnet 2 Gebai ass eréischt an enger Rei Joere virgesinn. Dofir huet misste no enger provisorescher Léisung fir d’Personal gesicht ginn. Deementspriechend Verhandlunge bannent der EU-Kommissioun an och mat de lëtzebuerger Autoritéite sti virun engem Ofschloss. An de nächsten Deeg soll sech de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn mat der zoustänneger EU-Kommissärin Cristalina Georgieva gesi fir zu engem politeschen Accord ze kommen, di technesch Detailer sollen an de Wochen duerno gereegelt ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen