KLIMASCHUTZ EU-Klimapolitik: Koherenz gesicht

Mat der "Farm to Fork"-Strategie wëllt d'EU-Kommissioun dofir suergen, datt d'Landwirtschaft hiren Deel zum Klimaschutz bäidréit. Eng Partie Memberlänner hu Bedenken, dorënner och Lëtzebuerg.

Danièle Weber / cz

Illustratioun Klima

Dem europäeschen "Green Deal" no soll d'EU bis 2050 klimaneutral sinn. Dofir soll eng Klimapolitik suergen, déi méiglechst aus engem Goss ass. Wéi schwéier dat ass weisen déi rezent Diskussiounen am Agrarberäich.

D'Landwirtschaft ass europawäit ëmmerhi fir zéng Prozent vun den Emissioune vu klimaschiedlechen Zäre Gase responsabel. Fir dee Secteur huet d'Europäesch Kommissioun dowéinst am Mee zejoert eng "Farm to Fork"-Strategie presentéiert. Vum Haff bis op den Teller gëtt eng méi ëmwelt- a klimafrëndlech Landwirtschaft viséiert. D'Ziler sinn ambitiéis: Bis 2030 sollen nëmmen nach hallef sou vill chemesch Pestizide gesprëtzt an 20 Prozent manner gedüngt ginn. Dernieft soll bis dohin och op engem Véierel vun de Felder a Wise biologesch gewirtschaft ginn.

Agrar-Accord ass net un Ziler gebonnen

Ambitiéis Ziler, déi sech allerdéngs net an dem neien Accord iwwert d'Reform vun der gemeinsamer EU-Agrarpolitik erëm fannen.

Den Accord war am Summer no laangen an zéie Verhandlungen ofgeschloss ginn, en definéiert ëmmerhin d'EU-Agrarpolitik fir déi nächst siwe Joer. D'EU-Agrarministeren hate sech awer mat Succès dogéint gewiert, datt de Green Deal an d'Ziler fir d'Farm to Fork-Strategie an den Accord integréiert ginn.

Dat sollt dann an den nationale Pläng geschéien, an deenen d'Memberlänner d'Ëmsetze vun der Agrar-Reform op nationalem Niveau definéieren, huet d'Kommissioun no de Verhandlunge betount.

Lëtzebuerg ënnert de Skeptiker

Eng Partie vun den EU-Agrarministere gesinn dat anescht. Eng 18 vun hinnen hunn an engem Schreiwes un d'Kommissioun hir Bedenken ausgedréckt, dat elo zousätzlech zu de Mesuren, déi an der Agrarreform decidéiert goufen, och nach déi vum "Green Deal" missten erfëllt ginn. Lëtzebuerg ass do och derbäi, confirméiert de Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

"Selbstverständlech deele mer d'Ziler souwuel vum Green Deal wéi vun der Farm-to-fork-Strategie. Allerdéngs sinn dat bis elo keng legislativ Texter. Den Accord, deen d'Agrarministeren iwwert déi gemeinsam Agrarpolitik ofgeschloss hunn, ass déi legal Basis fir déi national Strategie-Pläng."

Effektiv sollen déi Ziler vun der "Farm-to-Fork-Strategie" an een europäescht Gesetz gegoss ginn. Déi legislativ Prozedur ass am gaangen, wäert awer méiglecherweis nach bis 2023 daueren.

Lëtzebuerg stéing hanner deenen Ziler, betount de Romain Schneider. Firwat sech also do elo deene Länner uschléissen, déi hei Oppositioun maachen?

"Et ass einfach de Message, datt mir legislativ Texter brauchen, eng Rechtssécherheet, déi den Ament net do ass. Mir hunn als Agrarministère betount, datt mer déi gären hätten", erkläert dozou de Romain Schneider. Näischt géif verhënneren, datt wann d'Ziler bis gesetzlech fest geluecht wieren, d'Länner hir national Pläng géifen upassen.

Kritik och am Europaparlament

Dat ass ee komplizéierte Message, deen am Europaparlament anescht opgefaasst gëtt. "Vill Memberstaate sinn den Ament am gaangen hanner zouenen Dieren ze protestéieren. Si wëllen d'Ziler vun der Farm-to-Fork-Strategie net an hir national Pläng integréieren", sou déi gréng Europapdeputéiert Tilly Metz e Méindeg den Owend an der Plenière zu Stroossbuerg. D'Parlament sollt déi Strategie awer voll ënnerstëtzen.

Am Parlament, wat dës Woch iwwert seng Positioun ofstëmmt, wackelt awer déi Uganks breet Ënnerstëtzung fir d'Farm-to-Fork-Strategie. Fir Kritik suergt virun allem eng Etüd vum wëssenschaftleche Recherche-Déngscht vun der Kommissioun. De Resultater no, déi den Auteuren no net als Impakt-Studie vum "Green Deal" kënne gewäert ginn, géifen déi proposéiert Mesuren dozou féieren, datt d'Bauere mat méi nidderegen Erträg an Akommes-Verloschter rechne mussen.

Dat kéint um Enn kontraproduktiv fir de Klimaschutz sinn, fäert den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen.

"Wa mer europäescht Qualitéitsiessen duerch importéiert Iessen ersetzen, schéisse mer eis an den eegene Fouss. Liewensmëttelen aus dem Ausland ze importéiere bedeit, eisen CO2-Foussofdrock baussent Europa ze exportéieren."

Carole Dieschbourg: "Mir hu gemeinsam Ziler"

A wat seet déi gréng Ëmweltministerin, déi an der Lëtzebuerger Regierung fir de Klimaschutz zoustänneg ass? D'Carole Dieschbourg schéngt Krämpes ze hunn, déi, wéi si se nennt "juristesch Betruechtung" vun den Agrarministeren an domat och vun hirem Regierungskolleeg Romain Schneider nozevollzéien.

"Dat kann ech iech elo net soen, wéi dee Positionnement zustane kënnt. Well mer zu Lëtzebuerg awer gemeinsam Ziler hunn an och d'Landwirtschaft aktiv wëll zum Klimaschutz bäidroen. Mir haten dee leschte Méindeg mam ganze Secteur ee grousse Landwiertschaftsdësch am Kader vun der Klimaexpo, wou mer all d'Acteuren derbäi haten. An do betount och ëmmer jiddereen, datt ee wëll d'Léisung fir de Klimaschutz sinn an och méi resilient wëll ginn, sech besser upassen, well jidderee weess, datt dat Rise-Repercussiounen op de Secteur huet."

D'Ëmweltministerin bedauert, datt de Green Deal net méi explizitt an déi europäesch Agrarpolitik ageschriwwe gouf. Zu Lëtzebuerg wier dat awer, wat déi national Politik ugeet, geschitt, sou d'Carole Dieschbourg. Zum Beispill an de Klimaziler pro Secteur, déi virschreiwen, datt an der Landwirtschaft d'Emissioune bis 2030 ëm 20 Prozent musse reduzéiert ginn.

Romain Schneider: "Mir probéieren eng koherent Politik ze maachen"

An den Agrarminister Romain Schneider betount nach eng Kéier, datt Lëtzebuerg déi Ziler, déi d'Europäesch Kommissioun fir d'Landwiertschaft proposéiert, och wëll ëmsetzen.

D'Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère wier ganz kollegial, sou iwwerdeems den LSAP-Politiker:

"Doriwwer eraus huet een ëmmer erëm fachlech Saachen, dat bleift net aus. Mee et gëtt op jidder Fall matenee geschwat a probéiert eng Politik ze maachen, déi koherent ass."

Dorop pocht och d'Carole Dieschbourg, déi gréng Politikerin verweist op de Comité interministeriell, deen extra dofir gegrënnt gouf, fir d'Politicke vun den eenzele Ministèren a Saache Klimaschutz openeen ofzestëmmen.

"D'Koherenz ass ee groussen Defi. Et si jo sécherlech ënnerschiddlech Bléckwénkelen, Tonalitéiten, mee am Endeffekt si mer eis awer eens, datt d'Landwirtschaft hiren Deel zum Klimaschutz bäidroe muss."

Wéi koherent déi Politik ass, wäert sech dann ënner anerem an deem nationale Strategie-Plang fir d'Landwirtschaft erëmspigelen.

Zanter gëschter gouf doriwwer eng ëffentlech Consultatioun lancéiert, bis den 1. Dezember kann een dorun deelhuelen.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Pia Oppel Kommentar
Meenung

D'Regierung wëllt ee Biergerrot aberuffen, fir iwwert eng méi ambitiéis Klimapolitik ze diskutéieren. Um Eescht vum Premier sengem spontane Virstouss, dierf een awer zweifelen, mengt d'Pia Oppel.

Xavier Bettel
Ried zur Lag vun der Natioun

D'Kannergeld soll vu Januar d'nächst Joer un erëm indexéiert ginn. Dat huet de Xavier Bettel annoncéiert. Weider soll ë.a. d'Allocation à la vie chère ëm 200 Euro gehéicht an d'Maison relaise gratis ginn.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen