Etude iwwer illegal Pneuen-Deponie

Passend zum Internationale Joer vum Buedem schafft d’Regierung den Ament un engem avant-projet de loi fir e neit Buedemschutzgesetz. Dat sot eis de Staatssekretär fir Nohaltegkeet, de Camille Gira. Duerch dat neit Gesetz wäert ënner anerem d’Prozedur fir Ëmwelt schiedlech Aal-Laaschten ofzedroen, eng gesetzlech Basis kréien.

Genau sou wichteg wier awer och de Volet vun der Präventioun. Am Moment géifen nach Concertatioune mat de Ministèrë vun der Landwirtschaft an der Economie lafen, esou de Camille Gira. Bis Enn vum Joer wëll een dat neit Buedemschutzgesetz duerch d’Chamber hunn.

De Camille Gira huet och matgedeelt, datt bis de Summer eng Risiko-Etude iwwert déi illegal Pneuen-Deponie bei Biissen soll virleien. Sollte grave Ëmwelt schiedlech Risike festgestallt ginn, géif een déi al Iwwerreschter ewechhuelen, egal wat dat géing kaschten.

De Bäitrag vum Simon Larosche:

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen