arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wäert net stierwe fir den TTIP"

Wirtschaft

|
reading time

5 min

"Ech wäert net stierwe fir den TTIP"

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider gesäit een "enormt Potential" an de bilateralen Handelsbezéiunge mat de Vereenegte Staaten. Ee Fräihandelsaccord tëschent EU an USA wéilt hien dogéint net ëm all Präis. Den LSAP-Politiker huet eng Wirtschaftsmissioun vu fënnef Deeg op der amerikanescher Ostküst hannert sech.

reading time

5 min

"Hei ass Kompetitioun eppes Positives, et gëtt ugesinn als eppes wat Spaass mécht a wou ee sech all Dag erëm nei a Fro stellt fir besser ze si wéi deen aneren", sot den Etienne Schneider zu New York eisem USA-Korrespondent Philip Crowther. An Europa géif dogéint "méi mat Näidgefiller operéiert, et gëtt gekuckt, wéi een de Succès vun deem anere ka schlecht rieden".

Op d’LuxLeaks an d’Panama Papers ugeschwat, sot de Wirtschaftsminister: "Dat huet eis mat Sécherheet net gehollef". Mee dat wieren alles "Saachen, déi zeréck ginn an eng Zäit, wou all déi Praktiken, déi elo ugeprangert sinn, deemools awer nach keen Thema, kee Problem waren". Déi Professionell wéissten dat, net awer d’ëffentlech Meenungen, d’Press a Politiker - zemools an de Länner ronderëm Lëtzebuerg.

Aner Argumenter ewéi Steiernischen

Anescht an den USA, sou de Minister. Fir amerikanesch Betriber wier Lëtzebuerg nees méi attraktiv ginn. "Virdru wollten eng Rei Acteuren net op Lëtzebuerg komme wéinst deem negative Ruff vum Steierparadäis." D’Steiernische géife weltwäit souwisou a Fro gestallt ginn, elo géifen aner Argumenter zielen. "Argumenter wou mir ganz gutt sinn." Zum Beispill d’Infrastrukturen an de Beräicher ICT, Transport, Logistik, Weltraum, an déi an de leschte Joren investéiert gi wier. Aner Virdeeler: datt een d’ëffentlech Finanzen an de Grëff kritt hätt, eng niddreg d’Staatsverschëldung an een niddrege Chômage virzeweisen hätt.

Lëtzebuerg war bis viru kuerzem besonnesch och wéinst der niddreger TVA um elektroneschen Handel fir US-Entreprisen attraktiv. Elo wou déi TVA bannent der EU am Land vum Konsument erhuewe gëtt spillt deen Avantage net méi, a Lëtzebuerg muss op substantiell Steierrecettë verzichten. Muss Amazon net esouguer 400 Milliounen Euro u Steieren zeréck bezuele wéinst illegale Staatshëllefen, sou wéi d’Press spekuléiert? Kommentéiere wéilt hien dat net, sou den Etienne Schneider op Nofro hin.

"Space mining": Neies Ufank Juni

Amazon wéilt jiddefalls seng Aktivitéiten zu Lëtzebuerg bäibehale respektiv ausbauen, verséchert de Wirtschaftsminister. Viru kuerzem hätte Responsabeler vun Amazon him gesot, d’Firma géif hei 300 nei Mataarbechter sichen, zousätzlech zu den 1.000, déi schonn zu Lëtzebuerg wieren.

De geplangte Fräihandelsaccord tëschent der Europäescher Unioun an den USA? "D’Konsumenten op béide Säite si skeptesch, do muss ee Kloerheet, Transparenz schafen", sou den Etienne Schneider. D’Verhandlunge sinn an de leschte Méint net richteg weider komm. Dem LSAP-Politiker no wier nach Zäit fir neie Schwong an d’Diskussiounen ze bréngen. Mee: "Ech wäert net stierwe fir den TTIP."

Ugangs Juni géifen nei Informatiounen iwwert de Beräich "space mining" eraus kommen, sou de Wirtschaftsminister. Lëtzebuerg hätt jo, senger Meenung no, do eng Roll ze spillen. Mat US-Firme géife Verhandlunge lafen. Dës Kéier op der Westküst.