Avis Ethikkommissioun zweet Impfphas Ethikkommissioun géint prioritär Impfung vu verschidde Beruffsgruppen

Déi national Ethikkommissioun ass dogéint fir verschidde Beruffsgruppen an der zweeter Phas vun der Impfcampagne prioritär ze impfen. An hirem Avis zur Impfstrategie seet si, et soll keng prioritär Impfung vun verschidden Beruffsgruppen ginn. Leit, déi net op hir Invitatiounen fir d'Impfung geäntwërt hunn an sech dono awer wëllen impfen loossen, sollen der CNE no eng nei Invitatioun kréien, wann déi nächst Impfphas ofgeschloss ass.

Michèle Sinner / cz

Pfizer/BioNTech-Impfstoff
Foto: picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild

Am Avis vun der CNE heescht et, zwar hätte verschidde Beruffsgruppen - d'Arméi, d'Police, d'Giichtecher am Prisong oder d'Enseignanten am Beruff méi Kontakt mat Leit, wéi anerer. Mee et dierft een net vergiessen, wat de But vun der Impfcampagne wier. Nämlech d'Stierflechkeet an d'Morbiditéit ze reduzéieren. An de Fonctionement vum Gesondheetssystem ze erhalen.

Berufflech aktiv Leit wieren am grousse Ganzen ënner 65 Joer al a gesond. Si hätten dowéinst e manner héijen Risiko, schwéier krank ze ginn, respektiv u Covid-19 ze stierwen. Hinne Prioritéit ze ginn, géif heeschen aner Leit, mat méi héijem Risiko, waarden ze loossen. Mat deem selwechten Argument, reit d'CNE, Leit tëscht 65 an 74 Joer eréischt an der Phase 3 ze impfen - si wieren am allgemengen gesond an hätten keen esou groussen Risiko.

100.000 Leit sollen an der Phas 2 geimpft ginn

D'Phas 2, also eeler Leit iwwer 75 an all Leit, déi wéinst Krankheeten héich vulnerabel sinn, géif largement iwwer 100.000 Leit emfaassen, schréift d'CNE. Bis Enn Mäerz kritt Lëtzebuerg awer, wann alles gutt geet, vun deenen zwee bis elo zougeloossenen Impfstoffer just genuch, fir ronn 43 000 Leit ze impfen, hat et e Freiden nom Regierungsrot geheescht.

Nodréiglech, an op Propose un der Regierung ginn Leit mat Behënnerung an déi, déi se encadréieren, an d'Phas 1 vun der Impfkampagne opgeholl. Dat well bei hinnen d'Gestes barrières net gutt kennen agehalen ginn.


D'Reaktioun vun der Enseignantsgewerkschaft SEW

Méi zum Thema

Sprëtzen
Coronavirus

Corticoiden, Vitaminn D, Antikierper: zanter dem Ufank vun der Pandemie gi souwuel Medikamenter, déi et scho gëtt wéi och neier getest, fir schwéier Covid-Krankheetsverleef ze traitéieren. Bis ewell ginn et awer wéineg konkret Pisten.

Net verpassen

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen