Ekologesch Rotschléi fir den Autosfestival Et muss net ëmmer en Neie sinn!

Wann een en neien Auto keeft, soll een éischter e Bensiner wéi en Diesel wielen. En Elektroauto ass souwisou di besser Léisung. Dat sinn d'Rotschléi, déi den Oekozenter Pafendall fir den Autosfestival gëtt. Eng Autossteier op Déngschtween ass an hiren Aen  ze begréissen.

Autoen
©Bigstock

D'Iddi vun enger Autossteier op Déngschtween - déi d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg viru kuerzem lancéiert hat -  wier derwäert, dass een se ëmsetzt. Dat seet den Thierry Lagoda vum Oekozenter. An eisem Fuerpark wäre virun allem di nei Autoe geleast. Esou eng Autossteier kéint derzou bäidroen, de Fuerpark méi ekologesch ze maachen. Am Konkrete géifen da méi Autoe mat nidderegem Verbrauch gewielt ginn. 

Elektroautoen: do ass méi dran!

"D'Elektromobilitéit huet insgesamt Startschwieregkeeten" seet den Thierry Lagoda. D'Präisser wieren nach ze héich: De  Staat misst Verantwortung iwwerhuele fir méi Attraktivitéit ze schafen. Och op steierlechem Niveau sollten déi Autoe favoriséiert ginn. Datt d'Care Prime ofgeschaf gouf, bedauert den Thierry Lagoda. Schliisslech hunn d'Cliente sech domat d'Fro gestallt, op d'Uschafung vun esou engem Auto sech net awer kéint lounen. D'Regierung sollt préiwen, fir esou eng Prime nach emol anzeféiere seet den Thierry Lagoda 

En Ale mécht et och

D'Lëtzebuerger kafen an de leschte Joeren net méi all 4 Joer en neien Auto. Si kucke sech och Occasiounen un. Den Oekozenter hofft, datt deen Trend esou weider gëtt. Wann een en neien Auto keeft, sollt een éischter fir e Bensiner optéieren am Plaz vun engem Diesel, ass e weidere Conseil. "Mir kennen nëmme Rekommandatioune maachen," seet den Thierry Lagoda. "An hoffen, datt d'Leit verstinn ëm wat et geet!". 

Méi zum Thema

Gilles Dostert.jpg
Mobilitéit

D'Autosfuerer stoungen zejoert am Duerchschnëtt 34 Stonnen am Stau. Den Tram wäert dat verbesseren, seet den Direkter vum Verkéiersverbond.

A silent pump guards an abandoned gas station
Ëmweltpolitik

Zënter knapp zwee Joer geet de Verkaf vu Bensin an Diesel zu Lëtzebuerg liicht mee erkennbar zréck. Firwat? Lount sech fir "Tanktouristen" iwwerhaapt nach den Ëmwee iwwert de Grand-Duché ?

Jean-Paul Hoffmann Kommentar
Wirtschaftschronik

1968 haten 61 Prozent vun den Autoen zu Lëtzebuerg manner wéi 1,5 Liter Hubraum. Haut sinn et nëmme méi 22 Prozent. Zu Paräis kann nëmmen dat duerchgesat ginn, wat mir all bereet si matzedroen.

Michel Cames
Ëmwelt

Den Niveau vum kriibsereegende Stéckstoff an der Loft ass permanent ze héich. Dem Michel Cames no, ass déi läscht 20 Joeren an der EU just op Diesel gesat ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen