"Et huet jo awer jiddereen eng Meenung..."
Wat halen déi Jonk vum Wahlalter mat 16? Fir eis Dossier-Serie an der Woch virum Referendum huet d’Pia Oppel eng Quatrième am Lycée Ermesinde an zwou Dixièmen am Lycée Michel Lucius besicht. An hire Meenungen iwwer d’Erofsetze vum Wahlalter sinn déi Jonk gespléckt. Och wann vill vun de befroten Dixièmes- a Quatrièmes-Schüler d’Iddi gutt fannen, dass et fir déi 16 bis 18 Joer ee Wahlrecht a keng Wahlpflicht soll ginn, bleiwen awer dacks Zweiwel, ob déi Mesure wierklech sënnvoll ass:
A wat géif sech änneren, wa Jonker kéinte mat wiele goen? Zu där Fro falen de Schüler vill Äntwerten an: