"Alles wat ka schif goe, wäert schif goen". Dat ass dem Murphy säi Gesetz. An eng vun den éischten Aussoe mat deenen de Spectateur am Hubert Canaval sengem Documentaire Macht Energie confrontéiert gëtt. Wat alles schif leeft an der weltwäiter Energie-Productioun, dat weist den Éisterräicher Realisateur op verschiddene Plazen op der ganzer Welt. Biller vun der Uelegkatastroph am Golf vu Mexico viru sechs Joer an dem Atom-Accident zu Fukushima a Japan am Joer 2011 si just e puer Beispiller.
Atom, Petrol, Waasserkraaft
Nieft der Energie aus Atom- a Kuelekraaft an der Ueleg-Produktioun aus fossiler Energier, hëllt den Éisterräicher Realisateur awer och d'Instrumentalisatioun vun erneierbaren Energien ënner d'Lupp. Den Hubert Canaval kritiséiert zum Beispill, datt grouss Waasserkraaft-Projeten als klimafrëndlech bezeechent ginn. Dat wier net ubruecht, virun allem wa grouss Flächen a waarme Regioune mat vill Vegetatioun ënner Waasser gesat ginn. Duerch de Verfaulungsprozess entstinn nämlech klimaschiedlech Emissiounen.
Zu Lëtzebuerg spillt Waasserkraaft keng grouss Roll, erkläert de Roger Schauls vum Mouvement Ecologique. Hie gesäit éischter d'Biomass méi kritesch, déi zum Beispill aus Holz oder Mëscht produzéiert gëtt. D'Holz sollt als éischt fir "méi héich" Zwecker, ewéi d'Miwwelproduktioun genotzt ginn. A just wat net anescht ka verwäert ginn, sollt bei der Energieproduktioun eng Roll spillen.
Lokal Produktioun
Den Transport vun Energie vun engem Land an dat anert géif virun allem Profit créeieren a wier net am Intérêt vun der Emwelt oder dem Konsument. Dat ass eng vun de Konklusiounen vum Documentaire Macht Energie. Och d'Holz dat fir d'Biomass-Energie zu Lëtzebuerg benotzt gëtt kënnt net onbedéngt aus lokaler Produktioun, esou de Roger Schauls. Vill Holz géif aus der Ukraine oder aus Sibirie kommen, an do wier de Risiko, dass dat "am Raubbau geschitt".
Wann d'Holz aus dem Ausland dann awer hei méi bëlleg verkaf gëtt wéi wann et hei produzéiert géif ginn, misst ee sech froen iwwert de Sënn dovu stellen, esou de Roger Schauls vum Mouvement weider.
Dezentral Muecht
Fir den Hubert Canaval läit de Géigesaz an der weltwäiter Energie-Produktioun manner tëscht ëffentlechen a privaten Acteuren wéi tëscht groussen a klenge Betriiber. Multinational Konzerner géifen de Secteur dominéieren, während Gemengen a kleng Stied versichen Alternativen unzebidden. Den Éisterräicher Regisseur lancéiert an dem Sënn och een Appell un d'Konsumenten. Den Titel vum Film "Macht Energie", viséiert nämlech net just d'Muecht vu grousse multinationalen Energie-Produzenten. Mee et ass och eng Opfuerderung Energie selwer ze produzéieren.
Alternativë schafen duerch eng dezentral Energie-Produktioun a klengen Unitéiten, dat ass also de Message vum Hubert Canaval sengem Film. Dat entsprécht och de Virstellunge vum Roger Schauls vum Mouvement Ecologique. D'individuell an dezentraliséiert Energieproduktioun kéint och een Afloss op d'Muechtverhältnisser um Energie-Marché hunn, esou de Roger Schauls vum Mouvement: Wien d'Produktioun kontrolléiert, hätt d'Muecht fir d'Präisser an d'Energiepolitik ze bestëmmen.
Wien zu Lëtzebuerg Stroum iwwer Solar-Panneauen selwer wëll produzéieren, dee kritt Ennerstëtzung vum Wirtschaftsministère. Dëst betrëfft suwuel Ee-Familjenhaiser, déi vum Staat 20 Prozent vum Investitiounspräis finanzéiert kréien an iwwer 15 Joer ee garantéierten Aspeistariff. Neierdéngs kënnen awer och Cooperativen eng Ënnerstëtzung fir méi grouss Solaranlagen ufroen.