Enseignantsgewerkschaft gesäit sech zu Réckzéier gezwongen

Den Educatiounsminister empfänkt dësen 18. Dezember d'Enseignantsgewerkschaften an d'Proffecomitéeë fir iwwer eng ëmstridde Spuermesure op de Premieren an Treizièmen ze verhandelen.

D'Regierung huet virun zwee Méint annoncéiert datt d'Proffen, déi op den Terminale keng Exame verbesseren, manner verdénge sollen.

D'Gewerkschaften hunn an de leschte Wochen e Réckzéier gemaach a sech nees vun engem Kompromëss mam Ministere distanzéiert. An engem Echange tëscht enger Gewerkschaft an dem Ministere, deen eis virläit, begrënnt d'Gewerkschaft dat domat datt d'Basis si dozou gezwongen hätt nees e Réckzéier ze maachen.

D'Gewerkschafte FEDUSE/CGFP, APESS an SEW hunn no enger Verhandlungsronn de 26. November vun engem Kompromëss geschwat, deen an déi richteg Richtung goe géif. De 15. Dezember hu se dat, wat de 26. November diskutéiert gouf, nees prinzipiell kontestéiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen