Enseignants-Comitéen: Examenskommissioune sollen Demissioun ufroën

D’Assemblée générale vun de Enseignants-Comitéen am Secondaire wiert sech weiderhi géint d’geplangten Aféierung vum coefficient réducteur, d’Instrument dat dofir soll suergen, datt Enseignantë während der Examenszäit, nëmmen déi Stonne bezuelt kréien, déi se tatsächlech schaffen. Der Assemblée no, eng “frontal Attacke” op d’Remuneratioun vun den Enseignanten, déi donieft zousätzlech Aarbecht géing mat sech bréngen. D’Kompensatiounsmoossnamen, déi den Educatiounsminister Claude Meisch d’läscht Woch proposéiert hat, géingen och nëmmen e Brochdeel vum Léierpersonal entlaaschten.

An enger Deklaratioun vum 1. Dezember rifft d’Assemblée vun den Enseignantscomitéë vu 25 Lycéeën d’Enseignanten op, eng Demanden den Educatiounsminister Claude Meisch ze schécken, fir hier Demissioun als Membere vun den Examens-Kommissiounen z’acceptéieren. Et ass den Appel un d’Enseignantë fir bis de Méindeg hier Demissiouns-Demanden z’ënnerschreiwen. Haut 8 Deeg, sollen déi Bréiwer dann an enger symbolescher Aktioun dem Educatiounsminister iwwerreecht ginn.

De Claude Meisch wollt fir den Ament nach net reagéieren.

Mëtt November haten d’Enseignants-Komité nach zu enger Demissioun vun de Membere vun den Examenskommissiounen opgeruff.

De Bäitrag vum François Aulner, mat Extraiten aus engem Gespréich mam Jules Barthel (SEW/OGBL):

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen