Affär Lunghi/RTL Enrico Lunghi klot géint Onbekannt

De fréiere MUDAM-Direkter huet - eisen Informatiounen no - den 23. Dezember eng Plainte géint Onbekannt deposéiert. Hannergrond ass den ëmstriddenen RTL-Interview.

Serge Kesseler

Exklusiv Enrico Lunghi am Mudam
Enrico Lunghi

De fréiere MUDAM-Direkter Enrico Lunghi huet - eisen Informatiounen no - e Freideg eng Plainte géint Onbekannt deposéiert. Ufank Dezember hat et geheescht, datt den Enrico Lunghi wéinst Ruffschiedegung Schuedenersatz vum RTL-Mammenhaus CLT-UFA wéilt fuerderen.

An engem oppene Bréif vu Mëttwoch 28. Dezember, deen eis virläit, explizéiert den Enrico Lunghi, datt hie juristesch Schrëtt géint d’Auteure vun der "infamie" wéilt ënnerhuelen, net fir sech ze rächen, mee fir seng Éier ze retabléieren. Hie schreift vu "pratiques ignobles et malhonnêtes".

RTL-Reportage am Viséier

Et geet ëm d’Aart a Weis, wéi ee Bäitrag an der RTL-Emissioun "Den Nol op de Kapp" vum 3. Oktober montéiert war a wéi den Enrico Lunghi doran duergestallt gouf. Gewise goufe Biller aus engem RTL-Interview, an deem den Direkter vum MUDAM d'Nerve verluer hat.

Am oppene Bréif vu gëschter kënnegt den Enrico Lunghi un, datt hie wéilt versichen, op enger anerer Plaz an der Lëtzebuerger Kulturzeen nëtzlech ze sinn. Den Enrico Lunghi war vun 2009 bis gëschter Direkter vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. Enn Oktober hat hie seng Demissioun ugekënnegt.

Méi zum Thema

Enrico Lunghi
Medien

Den Enrico Lunghi kritt Ënnerstëtzung vum Staat, fir juristesch géint d'CLT-UFA virzegoen. Den nach-Direkter vum MUDAM wëll jo géint d’RTL-Mammenhaus Schuedenersaz akloen.

Enrico Lunghi Kommentar
Mudam

Et gëtt keng Elitten a keng Kulturzeen zu Lëtzebuerg - ma nëmmen nach en Trapp, dee net méi weess, wouhi mat senger Roserei. "D'Affaire Lunghi" ass dovun nëmmen eng Episod, mengt de Christian Mosar.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen