Affaire Lunghi-RTL Enrico Lunghi fuerdert Schuedensersaz

De MUDAM-Direkter wëllt juristesch géint d'RTL-Mammenhaus CLT-UFA virgoen. Säi Ruff wier duerch ee falsch montéierte Bäitrag geschiedegt ginn. Och an der Politik zitt d'Affaire weider Kreesser.

Serge Kesseler / ys

Enrico Lunghi
Enrico Lunghi (Archiv)

Wéinst Ruffschiedegung fuerdert den Enrico Lunghi Schuedenersatz vum RTL-Mammenhaus CLT-UFA: Den Nach-Mudam-Direkter wäert demnächst virum Zivilgeriicht eng deementspriechend Demande deposéieren. Dat huet dem Enrico Lunghi säin Affekot dem radio 100,7 op Nofro hi gesot.

Et geet ëm d'Aart a Weis, wéi de Bäitrag vun RTL Telé Lëtzebuerg vum 3. Oktober 2016 montéiert war a wéi de MUDAM-Direkter doranner duer gestallt gouf.

Wat déi disziplinaresch Prozedur géint den Enrico Lunghi ugeet, léich zënter der leschter Woch e ganz komplette Rapport vu 77 Säite vum Regierungskommissär vir, esou de Me Jean-Marie Bauler weider.

Dës Woch wéilt ee Stellung dozou huelen, souwéi et d'Prozedur virgesäit. Nom Ofschloss vun der disziplinarescher Instruktioun wäert de Regierungskommissär eng Decisioun huelen, ob d'Affär klasséiert gëtt oder ob et zu Sanktioune géint den Enrico Lunghi kënnt, wéinst sengem Verhalen am RTL-Interview den 13. September 2016.

Xavier Bettel verdeedegt seng Reaktioun

An der Chamber gouf e Méindeg doriwwer debattéiert, ob et korrekt vum Xavier Bettel war, de 4. Oktober ëffentlech unzekënnegen, datt eng disziplinaresch Prozedur géint de MUDAM-Direkter Enrico Lunghi lancéiert gëtt. Och méiglech Konsequenze fir RTL wéinst der Diffusioun vum Bäitrag an der Emissioun "Den Nol op de Kapp" den 3. Oktober goufen diskutéiert.

"Ech fannen et inacceptabel", sot de Xavier Bettel een Dag no der Diffusioun vum Bäitrag, an deem ze gesi war, wéi de MUDAM-Direkter beim RTL-Interview d'Nerve verluer huet. "Dat wat ech gëschter Owend gesinn hunn, ass fir mech net digne vun engem Direkter vun engem Kulturinstitut", sou de Premier-, Medien- a Kulturminister de 4. Oktober 2016 a senger Deklaratioun virun der Press.

Well hien ëffentlech gesot huet, datt et eng disziplinaresch Prozedur géint den Enrico Lunghi soll ginn, huet de Xavier Bettel dëse Méindeg an der Chamber-Kommissiouns-Sitzung Froe vun der Oppositioun gestallt kritt.

Nodeems hie mat senge Beamte geschwat hat, hätt hien decidéiert, eng Affaire disciplinaire à charge et à décharges lancéiert.

"Virveruerteelung" duerch de Premier

De Premier-, Medien- a Kulturminister hätt de MUDAM-Direkter mat sengen Aussoe vum 4. Oktober virveruerteelt, huet d'CSV-Deputéiert Octavie Modert kritiséiert. De Xavier Bettel hätt sech misste Froe stellen, ier hie reagéiert huet. "Hien ass op eng Sensatioun eragefall."

Och de Roy Reding schwätzt vun enger Virveruerteelung. Hie fënnt et extreme grave, wann ee Minister engem Beamte seng Gesten ëffentlech kommentéiert, ier eng Kommissioun oder ee Kommissär een Uerteel geholl hätt, sou den ADR-Deputéierten.

De Xavier Bettel an de Jean-Paul Zens, Direkter vum Service "Médias et Communications" virun der Chamberkomissioun. (Foto: CHD)

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot wëllt d'Fro net bewäerten, ob et néideg war, datt de Xavier Bettel déi disziplinaresch Prozedur géint den Enrico Lunghi direkt ëffentlech gemaach huet. Hie schwätzt awer vun engem Fiasko. Jidderee géif d'Demissioun vum Enrico Lunghi regrettéieren. Déi hätt kéinten evitéiert ginn, wa verschidde Leit an der Chaîne de responsabilité sech anescht verhalen hätten. Och de Volet RTL wier wichteg, sou den LSAP-Deputéierte no der Sitzung vun de Chamber-Kommissionen. Et wier een tendenziéis Reportage gewiescht.

Monopolstellung vun RTL

Déi gréng Fraktioun stellt sech am Kontext vun der Affär Lunghi-RTL d'Fro, wéi een hei am Land duerch d'Medien informéiert gëtt. "Bei der Tëlee hu mir eng Monopolstellung," seet den Deputéierte Claude Adam. "Mir maachen eis natierlech Suergen". Biller kéinte léien, an dat misst hannerfrot ginn. Duerch dëst Beispill wier déi Diskussioun lancéiert.

De Claude Adam wëllt wëssen, ob den RTL-Bäitrag vum 3. Oktober eng Ausnahm, respektiv een Accident war, oder net. Esou eng Manipulatioun wier grave, an hie wier frou, datt och bei der CLT-UFA doriwwer géif debattéiert ginn. "Mir erwaarden eis do Kloerheet."

Analyse vum Verhale vun RTL

De Premier hätt an der Kommissiouns-Sitzung e Méindeg ugekënnegt, datt hie kee Problem domat hätt, fir mat den Deputéierten iwwert d'Detailer vum nächste CLT-UFA-Konzessiounsvertrag ze debattéieren, sou de Claude Adam weider.

Déi onofhängeg Autoritéit vum audio-visuelle Secteur ALIA wëllt op eegen Initiativ eng Kontroll an der Affär Lunghi-RTL maachen. Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner erwaart sech, datt gekuckt gëtt, ob de Konzessiounsvertrag iwwerhaapt respektéiert gëtt.

Och den DP-Fraktiounschef a Member vum CLT-UFA-Verwaltungsrot Eugène Berger ass der Meenung, datt misst analyséiert ginn, ob RTL sengen Obligatioune gerecht ginn ass, an ob den Deontologie-Code respektéiert gouf.

De 7. Dezember kënnt de CLT-UFA-Conseil zesummen. D'Fraktiounschefe vun CSV, LSAP an DP, déi Member am Verwaltungsrot sinn, wënsche sech fir am Virfeld vun der Reunioun Abléck an den internen RTL-Audit iwwert d’Affär Lunghi ze kréien, huet den Alex Bodry eis gesot. A wéi eng Richtung d'Conclusiounen dovu kéinte goen, kann den LSAP-Fraktiounschef nach net soen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Enrico Lunghi Kommentar
Mudam

Et gëtt keng Elitten a keng Kulturzeen zu Lëtzebuerg - ma nëmmen nach en Trapp, dee net méi weess, wouhi mat senger Roserei. "D'Affaire Lunghi" ass dovun nëmmen eng Episod, mengt de Christian Mosar.

Enrico Lunghi
MUDAM

Den Enrico Lunghi wëllt eng Plainte wéinst Diffamatioun géint d’Auteurë vum RTL-Telés-Bäitrag maachen. Dat schreift hien an engem Bréif un den "International Committee for Museums and Collections of Modern Art".

Enrico Lunghi am Mudam Exklusiv
Mudam

De Generaldirekter vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean huet 100,7-Informatiounen no demissionéiert. Iwwert d’Grënn ass nach näischt gewosst.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen