Enquête préliminaire géint OLAI-Mataarbechter

E Mataarbechter vum OLAI ass am Viséier vun enger enquête préliminaire, wéinst méigleche Verstéiss géint de Schutz vun der privat Sphär, an dem Dateschutz. Dat krute mer op Nofro hin vum Parquet vu Lëtzebuerg confirméiert. Am Zesummenhang mat der Enquête goufen och scho Saisië gemaach. Ob dat an de Bureaue vum OLAI oder beim Betraffenen doheem geschitt ass, gouf allerdéngs net präziséiert.

Den office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration war viru kuerzem negativ an d’Schlagzeile geroden, nodeems en externen Audit eng Rei Dysfunktionnementer am OLAI festgestallt hat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen