Enquête préliminaire géint de fréiere Viichtener Buergermeeschter Maréchal
De Parquet vun Dikrech huet eng Enquête préliminaire géint de fréiere Viichtener Buergermeeschter an Entrepreneur Nico Maréchal lancéiert, krute mer vum Justizspriecher Henri Eippers op Nofro hi confirméiert. Als méiglech Infraktioun stéing “prise illégale d’intérêts” am Raum.
Wéi mer haut gemellt hunn, hu Miessungen am Optrag vum Ëmweltministère erginn, datt en Haus, dat den Entrepreneur baue gelooss huet, gréisstendeels an enger Gréngzon steet, also illegal ass. Den aktuelle Viichtener Gemengerot huet de fréiere Buergermeeschter an haidege Gemengeconseiller Maréchal verdächtegt, den illegale Bau vun 3 Haiser duerch seng eege Firma och selwer autoriséiert ze hunn.
d’Enquête vum Parquet soll elo klären, wéi d’Autorisatioun fir de Bau vu wéinstens enger vun de Wunnunitéiten zustan koum, sou den Ëmweltministère. De Nico Maréchal wier och scho vu Beamte vun der Naturverwaltung gehéiert ginn, déi an där Prozedur dem Parquet ënnerstinn.