Eisebunn Eng Police fir den ëffentlechen Transport?

D'Gewalt géint d'Personal am ëffentlechen Transport bleift op héijem Niveau, seet d'Mylène Wagner-Bianchy vun der chrëschtlecher Eisebunnergewerkschaft Syprolux. Allgemeng wier d'Attraktivitéit vun der CFL a Fro gestallt: Et géif u Leit feelen.

Sophie Morang / cwi

Mylène Wagner-Bianchi
D'Mylène Wagner-Bianchy ass Presidentin vun der Syprolux

Aktuell géife bei der CFL nach tëschent 150 an 200 Leit d'Joer agestallt ginn. Déi Chifferen nennt d'Mylène Wagner-Bianchy, d'Presidentin vu der chrëschtlecher Eisebunnergewerkschaft Syprolux. Déi Leit wieren och néideg, well der vill an d'Pensioun géife goen. De Syprolux huet op sengem Kongress den 19. November dorop higewisen, datt d'Attraktivitéit vun der CFL a Fro gestallt wier. Dëst, notamment duerch d'Reform am ëffentlechen Déngscht. D'Gewerkschaft seet, datt d'Reform mat eng Ursaach de Réckgank vun de Kandidaturen wier:Virun allem an den technesche Karriäre géif et u Personal feelen, esou d'Mylène Bianchy.

Eng Police fir den ëffentlechen Transport!

"Jidder Aggressioun géint e Mataarbechter am ëffentlechen Transport ass eng ze vill" - seet d'Mylène Bianchy. D'Zuelen hätten 2015 wuel stagnéiert – wieren awer op héijen Niveau. Hier Gewerkschaft konstatéiert och, datt d'Gewaltbereetschaft méi grouss wier: Et géif éischter zum "Passage à l'acte" kommen. Am Secteur selwer géif ee séier un d'Limite stoussen, vun deem wat ze maache wier. Dofir, esou d'Mylène Bianchy, sollt eng Policeunitéit an den Asaz kommen.

Zuchretarden: D'Personal ass machtlos

A soziale Medie gëtt sech dacks iwwert d'Retarde bei den Zich geiergert. "Dëse Problem, deen en Imageschued fir d'CFL mat sech bréngt, erkläert sech duerch eise klengen Zuchreseau", seet d'Mylène Bianchy. Retarden, déi op enger auslännescher Streck entstéingen, géife matbruecht ginn. Derbäi kéimen déi vill aktuell Chantieren.

D'Presidentin vum Syprolux bedauert, datt d'Personal an den Zich an op de Garen – déi un éischter Front stinn – den Ierger vun de Clienten ze spiere kréichen. Si wéissten awer dacks net méi, ewéi d'Passagéier selwer!

Méi zum Thema

Jean-Claude Thümmel.JPG
Tram

De President vun der Eisebunnergewerkschaft Landesverband kritiséiert d'Direktioun vu Luxtram: D'Gewerkschaft géing ausgeschloss ginn. D'Direktioun wéilt selwer eng Personaldelegatioun opstellen.

Pendolino zu Montreux
Ëffentlechen Transport

Ëmmer nees gouf doriwwer geschwat, geschwë kéint et Realitéit ginn: Eng séier Zuchverbindung mam Pendolino zwëschent der Schwäiz a Bréissel. Déi géif Lëtzebuerg besser un déi belsch Haaptstad ubannen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen