CSV-ADR "Eng nei Landschaft"

D’Spekulatiounen oder Hypothesen iwwert eng CSV-ADR Koalitioun si “politique politicienne”. Trotzdem misst een awer feststellen, datt d’politesch Landschaft hei zu Lëtzebuerg sech verännert, mengt de François Aulner am Kommentar.

François Aulner

Kommentar François Aulner

D’CSV huet den Terrain fir Spekulatiounen iwwert eng CSV-ADR Koalitioun selwer geseet. Rezent Aussoe vum Claude Wiseler a vum Laurent Mosar, hunn effektiv Themen opgegraff, déi bis elo éischter exklusiv fir d’ADR reservéiert waren. Wat Observateuren als e Rietsruck interpretéieren, muss een awer relativéieren.

Vun engem Rietsruck bei der CSV ze schwätzen, verharmlost nämlech Tendenzen am Ausland. A sou gutt wéi et finanziell dem Land geet a sou gutt wéi d’Zesummeliewen trotz Ongläichheeten ass, wier et nach de Combel, wann d’Lëtzebuerger Wieler op eng radikal Schinn géinge sprangen.

Trotzdem, d’CSV beweegt sech also op d’ADR duer. Éischtens well d’CSV isoléiert ass. Déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi gréng kéinten an zwee Joer wuel zesummen an d’Wahle goen, fir kee negative Bilan mussen zouzeginn. Fir d’CSV wier dee Moment déi eenzeg Alternativ, d’Alternativ Demokratesch Reformpartei.

Méi ze verléieren, wéi ze gewannen

Eng CSV-ADR Koalitioun no de Wahlen 2018 ass awer héchst onwahrscheinlech. Och wann et Schnëttstelle ginn tëscht den zwou Parteien, sou géing e ganz groussen Deel vun der CSV-Basis d’Parteikaart an d’Poubelle geheien, wann et zu enger schwaarz-hellblo Koalitioun kéim. Och Wieler, déi geneigt wieren, aus Protest géint d’aktuell Regierung a fir d’CSV ze wielen, géingen um Enn dach léiwer erëm DP, LSAP oder eng aner Alternativ wielen. Mat enger Koalitioun mat der ADR hätt d’CSV also méi ze verléieren, wéi ze gewannen.

Datt eng héich Personalitéit vun der CSV virun de Wahlen 2013 "inoffiziell" un d’ADR erugetruede wier, kéint just op en individuelle, verzweiwelten Akt zréckzeféiere sinn, well d’blo-rout-gréng Wollek sech schonn zesummegebraut hat.

D'ADR als Drockmëttel

Vill méi wéi sech eng Dier opzehalen, wëll d’CSV sech mat de Spekulatiounen iwwert eng Koalitioun mat der ADR eng Méiglechkeet ginn, fir am Fall vun enger Wahlvictoire, mat engem Drockmëttel kennen op eng aner Partei duerzegoen. Well wann d’CSV no 2018 beispillsweis mat deene Grénge wéilt eng Regierung bilden, da wier se ouni anere Choix op de gudde Welle vum Junior-Partner ugewisen an an enger schwaacher Ausgangspositioun.

Wat kann een also vun de Spekulatiounen iwwert eng CSV-ADR Koalitioun zréckbehalen? No den Ärae Werner, Santer, Juncker, sicht d’CSV nach ëmmer no sech selwer, mee virun allem no engem potentielle Koalitiounspartner fir no 2018.

De Kommentar fir ze lauschteren:

Méi zum Thema

Claude Wiseler.jpg
CSV an ADR

Virun de leschte Wahle gouf et keng offiziell Demarche vun der CSV fir eng Koalitioun mat der ADR, seet de CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler. Ganz vill géing béid Parteie vuneneen trennen.

Kartheiser Riicht Eraus
Fernand Kartheiser

​Virun de Wahlen 2013 ass d'CSV schonn un d'ADR erugetrueden, en vue vun enger eventueller Koalitioun. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser schwätzt vun engem héije Vertrieder, nennt awer keen Numm.

Gast Gibéryen.JPG
Gast Gibéryen am Interview

Den ADR-Députéierte Gast Gibéryen geet dovun aus, datt 2018 entweder déi Gréng oder d'ADR mat der CSV an d'Regierungsverantwortung wäerte kommen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen