US-Presidentschaftswahlen "Eng formidabel Kontradiktioun"

De Jean Asselborn schwätzt an enger éischter Reaktioun op d'Victoire vum Donald Trump vun engem dominanten Trend géint den Establishment. Beim Brexit-Vote den 23. Juni wier et e Vote géint Bréissel gewiescht an elo bei den US-Presidentschaftswahle wier et e Vote géint Washington gewiescht, esou den Ausseminister am radio 100,7-Interview.

Serge Kessler / cwi

Jean Asselborn
Jean-Asselborn (Archivphoto radio 100,7)

Den Ausseminister Jean-Asselborn gesäit an der Wahlvictoire vum Republikaner Donald Trump awer och eng "formidabel Kontradiktioun" a stellt d'Fro, wéi e Mann, deen och um Réck vun de méi klénge Leit Milliardär ginn ass, den Anti-Establishment duerstelle kéint.

Grad wéi a Groussbritannien wier vum Trump-Lager an den USA och nëmme mat Sloganen operéiert ginn, esou de Jean Asselborn op d'Fro no de Grënn vun der Victoire vum Donald Trump. De Republikaner an déi Leit ronderëm wéisste guer net, wat innen- an aussepolitesch déi richteg Absichte wieren. Een anere Grond fir d'Wahlvictoire gesäit de Lëtzebuerger Ausseminister an den Angschtgefiller, déi mat der Immigratiounsfro gemaach gi wieren. Dobäi hätt den Donald Trump op déi populistesch Schinn gesat.

Fir d'Europäesch Unioun géif et eng grouss Erausfuerderung ginn, fir d'Partnerschaft mat den USA net an d'Bréch goen ze loossen. D'EU kéint nëmmen hoffen, datt déi Partnerschaft bleift, esou de Jean Asselborn.

No der Wahlvictoire vum Donald Trump an den USA, huet den däitschen Ausseminister Frank-Walter Steinmeier eng Spezial-Entrevue vun den 28 EU-Ausseministere proposéiert. Dës Entrevue soll e Sonndeg den Owend zu Bréissel sinn, esou de Moien den Ausseministère zu Berlin.


Hei dat ganzt Gespréich vum Serge Kesseler mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn:

Interview mam Jean Asselborn

Méi zum Thema

Philip Crowther Analys
US-Presidentschaftswahl

De Vote fir den Donald Trump wier e Vote géint déi aktuell Politik, mengt eisen USA Korrespondent. Dem Philip Crowther no ass dem Republikaner säi radikale Programm politesch realisabel.

Donald Trump
US-Wahlen

De Republikaner iwwerhëlt am Januar d'Successioun vum Demokrat Barack Obama. Den Donald Trump sot, hie wéilt ee President fir all d'Amerikaner sinn. Mat anere Länner géifen d'USA éierlech Relatioune fleegen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen