Olympesch Spiller En Taifun zu Tokyo

Den Taifun Nepartak ass hënt an der Nuecht zu Tokyo ukomm a bréngt vill Reen, mee glécklecherweis net ze vill Wand mat sech. En Impakt wäert en awer op d'Olympesch Spiller hunn: fir d'Surfer bedeit en zwar méi héich Wellen, mee soss sinn dat keng gutt Noriichten.

Philip Crowther (Tokyo) / cbi

Een Taifun huet en Impakt op d'Olympesch Spiller zu Tokyo
Een Taifun huet en Impakt op d'Olympesch Spiller zu Tokyo. Foto: picture alliance/dpa | Swen Pförtner

Lauschteren


D'Bouschéisse ka bei deem Wieder net stattfannen, genee wéi d'Rudderen. Och aner Sportaarte wäerte betraff sinn. No der extremer Hëtzt, déi villen Athleten ze schafe gemaach huet, weist Tokyo elo säin anert Gesiicht.

De Coronavirus ass present

Och de Coronavirus bleift eng Konstant bei den Olympesche Spiller. Et ginn zwar weider Neiinfektiounen, et gesäit awer net esou aus, wéi d'Arrivée vun Dausende vun Athleten, Offizieller a Journalisten dofir gesuergt hätt, datt d'Zuele vill an d'Luucht ginn.

D'Olympesch ouni Spectateur gi weider, wéi zum Beispill bei der neier Disziplin vun dräi géint dräi am Basket. Hei huet en DJ Musek opgeluecht, fir keen. De Fan Park steet ass just nieft der Arena, ass awer ganz eidel. Och de Fan shop bannendra steet eidel.

Neiegkeete gëtt et vun de Medailen-Zeremonien: do dierfen déi Sportler, déi et op de Podium gepackt hunn, vun elo u kuerz d'Mask fir d'Foto ausdoen. Ëmäermele soll ee sech net, dorunner huet den Internationalen Olympesche Kommitee nach eng Kéier erënnert.

De jéngste Podium an der Geschicht

D'Medaile leeën d'Sportler sech selwer ëm, esou och d'Nishiya Momiji. D'Japanerin huet am neiste Sport, dem Skateboarding, géint hier brasilianesch Konkurrentin an eng weider Japanerin gewonnen.

Gold goung un dat 13-järegt, Sëlwer un déi nach méi jonk Brasilianerin, a Bronze un eng Teenagerin vu 16 Joer. Et ass dee jéngste Podium an der Geschicht vun Olympia.

Dräi Lëtzebuerger hunn nach Kompetitioune viru sech

Zu Tokyo war e Méinden nees e Lëtzebuerger Athlet am Asaz. Am Triathlon ass de Stefan Zachäus op déi 44. Plaz vu 51, déi gestart sinn, komm, dëst no engem spannenden Ugrëff vun him um Vëlo.

Just d'Schwëmmer Raphael Stacchiotti a Julie Meynen, an am Bouschéissen de Jeff Henckels, hunn hir Competitiounen nach virun sech.

Méi zum Thema

D'Ni Xian Lian an d'Sarah De Nutte
Olympesch Spiller

Bei den Olympesche Spiller zu Tokyo koum d'Christine Majerus op déi 20. Plaz, beim Dressurreide koum den Nicolas Wagner net an den nächsten Tour. D'Ni Xia Lian huet am Dëschtennis iwwerraschend am zweeten Tour verluer.

NI.jpg
Olympesch Spiller

Bei den Olympesche Spiller zu Tokyo huet d'Ni Xia Lian de Samsdeg iwwerraschend am zweeten Tour verluer. Fir si war et déi fënneft Participatioun bei Olympia. Méi al war nach ni e Sportler am olympeschen Dëschtennis-Tournoi.

Philippe Crowther Tokyo
Sport

An e puer Stonne fänken zu Tokio offiziell d'Olympesch Spiller un. Ee Joer méi spéit wéi geplangt . D'japanesch Bevëlkerung, déi hunn Angscht datt et wärend dem Evenement zu enger neier Well u Covid-19 Infektioune komme kéint.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen