Analys vum Wiederphenomeen "En normale Wanterstuerm"

Et wier keen aussergewéinlech staarke Stuerm gewiescht, seet de Philippe Ernzer. Den Hobbymeteorolog schwätzt vun engem "normale Wanterstuerm", deen tendenziell all zwee Joer an eise Géigende kéint virkommen. D'Kalfront mat de stäerksten Effekter hätt Lëtzebuerg elo passéiert, esou datt de Philippe Ernzer dovun ausgeet, datt vun elo u just nach mat vereenzelt staarke Schaueren a Wandstéiss ze rechnen ass.

Philippe Ernzer

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Simon Larosche
Lauschteren

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen