Ëmweltministesch wiert sech géint nei Atomzentral a Groussbritannien
D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg fuerdert d’EU-Kommissioun op, déi britesch Subventioune fir eng nei Atomzentral zu Somerset fir den Ament net z’autoriséieren. Déi gréng Ministesch huet dem Kommissär Joaquín Almunia eisen Informatiounen no en deementspriechende Bréif geschriwwen.
Doran heescht et, d’lëtzebuerger Regierung wier géint Atomenergie. Wann d’europäesch Klima- an Energieziler bis 2030 sollten erreecht ginn, da misst ënnert anerem an erneierbar Energien investéiert ginn an net an al Technologien, déi nëmme wéineg beherrscht géife ginn. Donieft misst déi zukënfteg EU-Kommissioun vum Jean-Claude Juncker an dës Décisioun mat agebonne ginn.
Allerdéngs schreift d’Carole Dieschbourg an hirem Bréif, datt si Informatiounen huet, datt d’EU-Kommissioun dem Projet fir déi nei britesch Atomzentral Hinkley Point C zoustëmme wéilt. Doriwwer géif si sech "eescht Suerge" maachen.