Ëmweltministesch Dieschbourg zitt positive Bilan nom Klima-Sommet

Méi wéi 100 Staats- a Regierungscheffen hu beim Klima-Sommet zu New York méi Engagement am Kampf géint de Klimawandel versprach.

Den UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon huet souguer vun engem historeschen Dag geschwat. Greenpeace dogéint huet sech awer enttäuscht gewisen vun deem wat d’Politik zu New York ugekënnegt huet.

De Bilan vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg gesäit ganz positiv aus, och wa wéineg Konkretes zu New York ugekënnegt gi wier. Lëtzebuerg a fënnef aner Länner hätten awer eng konkret Contributioun fir de green climate fund annoncéiert.

Den Interview vum Christian Welter mam Carole Dieschbourg:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen